Ass jo baal déi perfekte Spiggelung.
D'Rëng vum Gewënn kéinte vlaicht nach ë bessen méi zur Geltung kommen.
Dé rouden Droot kéint och nach vlaicht eng Art Glühen verdroën (Hallo).
Dat ass emol daat waat mär dozou afällt.
gefellt mer besser!
dFaarw as nik mi su wei opgepinselt mee gesait aus wei eng spigelung fum fuedem den gleiht...gelong!!
awa wei den NoSaint seet: vlait na dGewenn bessi mei zur geltung brengen...opwuel daat nemmen een detail as well een haapsächlech den rouden fuedem am aan hott...
menger meenung no geif em een haLo nik su gudd bekommen well am moment as en einfa wonnerbaar SCHARF!
fun mir eng 8 fir dArbicht...;oP (se as nach ze verbessren mee wien as schon perfekt...)
Fir méng perséinléch Vue vun sou Fotoën as di heiten awer net besser ze maachen. Ech fannen dat Spill vun de Farwen sou wi et hei as, perfekt harmonesch an ausgeglach. An de Fuëdem brauch fir méch net méi hell ze sin. Mir gefällt dat ganz gudd, datt en esou purpurroud liicht. Ech fannen et just schuëd, datt durch d'Kompressioun (an den NeatImage????) treppercher entstaane sin, mais wann een se grouss mécht, an dann 2 Meter wäit vum Ecran wech geet, da gesäit een di héich fotografesch Qualitéit, déi an déngem Original dran as. Fir méch as déi doten ganz sécher top.
ahh flott Bravo dei as guud! am Ps bessi drun geschafft?
dei war awer net wirklech un dei do hun ma se elo mol genau ugekuckt
Foto as awer guud gin iwert Pm zierlech ech da och nach wanns de wells wei ech meng zum Liichten kriitt hun!
Nee dei war net un .. wei gesoot ech hun am PS gefreckelt ... ech wees naemlech net wei een daat hikritt weis du daat gemaach hues dofier freen ech mech schon ob deng Pm
Ech ka mer denken un wei een User dats de denks wanns de des Foto kucks... ech muss allerdengs soen dat ech vun mengen eischte Fotoe vun der Biir ausgaange sin an probeiert hun se besser ze maachen (frontal fotographeieren an net sou saitlech wei bei daer bloer Biir war main haaptuleies...) iwwert dem wurschtelen ass dun daat heiten derbai erauskomm.. an ech muss soen lo wous du et bemierkt hues gesin ech och d'aehnlechkeet )
Vun all den Biirenphoto'en déi ech a läschter Zäit hei esou op PG begéint hun ass di heiten déi di mer bis elo am Beschten gefällt. Fannen näischt wou ech auszesätzen hätt an d'Spezialisten hun hiiren Pefferkär jo schons hei gelooss, dem ech dann och näischt méi bäizesetzen hun. TOP
daat ass keen Chrëscht-Kado! ... daat ass eng Evidenz! ... TIPTOP !!!
waat kanns du besser machen? ...
majo ... ech kann dir ët nët soen ... technesch gesin ... obwuel do bestëmmt nët vill ze soen ass ... awer fir den Rescht: fuer einfach esou weider ... ON-BE-DENGT!!
schued
also:
do kanns de brenge wats de wells, mee dat do (domadder ass dei foto gemengt) brengt et.
domadder well ech meng begeeschterung a mai respekt virun deem bild ausdrecken.