Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
No_Saint
Frank
Derbäi säit dem 01.01.2006
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
  • Läschte Login: 26.10.2021 - 22:19
  • Schléift meeschtens zu Kënzeg
  • Ass gebuer den Dezember 65
  • Interesséiert sech fier Fotografie, Musik
  • Ass am Moment employé public
  • Fotograféiert am léifsten Natur, Portrait
Technësch gesinn ...
  • Vertraut am Material op Canon
  • Schafft mat der 5D MK3 (DSLR)
Foto vun der Woch Resultater
Airport
The Race
Un amour de parapluie
Nul n'est à l'ombre du regard
An nach 1 aner Wochefotoen
Beléifste Fotoen
     
Olivier 12.10.2006 - 23:25
beautiful pictures...
No_Saint 17.10.2006 - 22:46
Thanks Olivier !
Gesinn un denge Biller, dass'te ëmmer ërem nei Saache probéiers, maach virun esou.
Hues'te nach nët dru geduecht an e Photoclub schnupperen ze goën.
Ech weess nët ops'te aus der Staat bass mee wann, da kuck emol bei http://www.cameralux.lu ee ganz aktiven Club matt gudde Fotografen
(ech proposéiren der daat, well ech selwer iwwert dee Wee (PC Differdange) vill baigeléiert hunn, am direkten Austausch matt aaneren Amateurfotografen.
Olivier 19.10.2006 - 18:50
Wow... daat ass wierklech fein vun denger sait aus... an merci fier d'kompliment... nai saachen ausprobeieren ass einfach an mengem bludd... mee et stemmt... ech muss tatsächlesch nach vill baileieren, an do eegnet sech en fotosclub ganz gudd fier meng ideen "gudd" ze verwieklechen...
Soen mer esou, ech keint ant staat goen... hun do en appartement... vun doohier keen probleem...
Gin mol direkt luusen... merci na engkeier

Edit: Hun mech do ugemellt... wees de net op ech do na eng email kreien vun hinnen?

Olivier
No_Saint 19.10.2006 - 19:25
Nee, weess Ech nët , mee si hunn dach bestëmmt eng Kontaktpersoun do uginn oder ?
Olivier 19.10.2006 - 20:08
Merci... ech hun mol eng mail gescheckt an meng froen gestallt...

Nach eng keier merci.

Olivier
Kwitchibo 16.10.2006 - 23:35
ech muss hei 1mol 1 Kompliment machen ech fannen deng Fotoen hun einfach emmer eppes spezielles un sech an daat fannen ech richteg guud ! Clemancy hurt 1 guuden PHOTOGRAF!!

WEIDER ESOU!!
No_Saint 19.10.2006 - 19:28
Merci fier d'Kompliment!!
Sinn awer keen echten Kënzëger, si just een "Derbaigeprafftenen".
Kwitchibo 23.10.2006 - 23:45
hehebigsmile closed_eye
spako 27.10.2006 - 19:26
Majo ech wollt der einfach nemme schreiwen dass mer deng Gallerie immens gudd gefaellt! Du hues wiirklech een immens gudd Aen, an ech fannen och dat deng Kommentarer emmer ganz konstruktiv a sennvoll sinn smile
elmuzo 05.12.2006 - 11:41
Huch, schumm, hun nach näischt vermierkt hei. Ma vermierken dann elo mol hei, dat ech emmer mat vill Ongedold no Biller vun där duerch di nei Thumbs wullen an dann frou sin wann ech een neit entdecken. Hö an enttäusch mech net, soss schreiwen ech keng Comments méi bigsmile
No_Saint 05.12.2006 - 22:43
Wärt mer Méih ginn !!
Dark-Rose 14.01.2007 - 22:09
Moien,
War dengem Tip nogang, wous de mer gesot hues dass Photogen.lu gudd as an dass een do keint kritiken zu den Biller kreien an daat alles.
Gin na net sou richteg eenz mat allem, mee hun haut mol 2 Fotoen drop gesat kritt. Wollt froen obs de eng keier loscht hues zu deenen eppes ze soen?

Majo an hat mir dun och mol Biller vun dir ugekukt, du hues wieklech flott Fotoen, an wieklech mol dei richteg Zeit ob der richteger Platz! smile
kanufla 21.02.2007 - 20:34
hello
aaalllllssssooo: desen freiden 23.02.07 um 21h as SINGSTAROWENT!! am Bus um Sk8park zu Diddeleng
rom 06.03.2007 - 13:19
Du hues jo gutt geschafft um Salon Mondial dëst Joer. War kucken dohin. As wirklech dowärt.
Deng Nominatiounen an d'Medaille sin verdéngt. Weider sou!
Nächst Joer schécken ech do och mol Fotoen an. Bis dohin maachen ech vläit och nach besser Fotoen smile
Kwitchibo 12.11.2007 - 00:07
Ech kann och nemmen soen wei den Garry "war e richtege Pleseier dech kennen ze leieren smile " MERCI och vun MIR

ann ganz gären bis dei Nexten keier smile

cheers
No_Saint 12.11.2007 - 23:39
Dobai hu mer den Owend emol nët vill iwer Fotografie geschwaat.
Bei engem Mësch, den esou vielsaitëg Interessen huet wéi's Du, fënd een ëmmer ërëm interessant Gespréichsthemen.
Et freet mëch daat mai "Penseur" der esou gudd gefällt .
Hunn och festgestallt, datt obwuels Du eng ganz Reih flott Fotoën an denger Gallerie hues, Ech nach nie ë comment dozou geschriwwen hunn : "Shame on me"
Wärt daat an nächster Zait awer nach nohuelen.smile
kanufla 03.04.2008 - 11:49
hello wollt mol deem next zesummen nammen goen bigsmile eng keier owes ...kuken grad mol mam jade a knolles weini vlait e guddn datum wir!hues du vlait eng propose?wou?weini? an waat?
ech haat un chineeseg geduecht smile zu alzeng as e guddn closed_eye
kanufla 04.04.2008 - 10:42
also mir haale mol den freiden 11.4.08 fest smile so just bescheed!merci
mat geet bis elo den yoshi, d'annemie, JADE, Jefferson,kwitchibo (normalerwais), black panther, focus, arwa (vlait), spako, Marc Gerard smile
kanufla 21.04.2008 - 20:37
Meetings kuken goen smile geet em SINGSTAR OWENT smile
Kiichiii 04.07.2008 - 20:23
Hallo gei mol den lagerfeuermeeting kuckensmile
TomEwert 18.08.2008 - 12:40
ech sin en groussen bewonnerer vun dengen photos!
du heus einfach daat richtegt aa an en genialt gefill fir déi momenter déis du festhells. all respekt
OK-Photography 01.09.2008 - 23:34
Merci na enka fir den Luef an dei schenial Arbescht! sen wierklech frou wann meng Fotoen sou ureegen! ;o)

fG
oli
ezekiel 08.06.2009 - 20:20
Fannen deng Fotoen wierklech super.
Wi kriss de (firun allem an den SW) souvill Kontrast an deng Biller? Schaffs de do vill no, oder kriss de daad schon alleng op da Foto esou hin? (zB bei da neister Foto vun da Woch)

Bei da Foto "was guckst du?", hues de do en Polfilter benotzt?

ech wees vill ze vill Froen closed_eye


scheinen Owend na
eze
No_Saint 09.06.2009 - 00:21
1.Jo, déi sinn all méi oder manner am PS traitéiert.
Ech schaffen zënter 12 Joër mam PS, an Ech haat an hun nach ëmmer mai photografëscht Vierbild un dem Ech mëch orientéieren (am SW) an daat ass den Ansel Adams.
2. Ech weess nët méi op do e Polfilter drop haat, Ech weess awer datt Ech laang dru geschafft hu fir seng Been ënner Waasser esou daitlëch ze kréien.
ezekiel 09.06.2009 - 18:34
1. ech sin esou en Ufänger dass de ma scho mam Num Ansel Adams gehollef hues tongue
2. jo ech hu gefroot weinst de Been, daad mecht di Foto aus.

merci scho mol fier d'Infoen.
Deng SW gin definitif an di Richtung wou ech hi well. Hoffe ma mol dass ech keng 12 Joer brauch closed_eye
OK-Photography 12.01.2010 - 00:52
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.

Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.

Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php

Hoffentlech bis en Sonnden dann.
Kleent 15.09.2010 - 01:51
Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.

Ab do konnt een sech ganz einfach um Site umellen an seng Photoen der Community weisen, fir Kommentaren, Luef oder Kritike vun anere Memberen ze kréien.

Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.

Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen as den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag).

smile
Kwitchibo 16.09.2010 - 20:08
Heya

et get News:

Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.

Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.

Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen ass den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag)

fir Iessen an Gedrénks, Workshops, en Contest mat Praisser an villes méi ass gesuergt an et giff eis freeën wann s och du derbäi wiers!
Kwitchibo 16.09.2010 - 20:08
Mir wellen das de do bas!!! closed_eye
No_Saint 16.09.2010 - 20:15
Wann näischt dertëschent kënnt, sinn Ech och do !
Kwitchibo 16.09.2010 - 20:41
ech geif mech freen!
Kwitchibo 06.12.2010 - 19:44
Salut,

alles an der rei?
schon lang net mei gesin oder heieren oder gelies!?

mbG

MARC

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 396 Gäscht online