Also ech fanne se mega flott, ech hu Blumme jo guer net gär als Motiv, mee déi hei ... wirklech genial emgesaat. Respekt patty Du beweis dass een net eng Digital Spigelreflex brauch fier technesch propper Biller ze maachen, sou wéi jo alt su oft Leit et behaapten.
D'faarwen sin immens, an den Hannergrond passt su gudd derbäi, den hieft d'Faarwen, also d'giel an d'gring haaptsächlech, nach eng Kéier extra erfier.
Reschpekt, Patty, harmonesch an gudd oofgestemmt an den wuarmen Fuarwen. Ech weilt den August wir esou gewiecht wéi d'Téinung vun dengem Wierk. Schléissen mech ausserdem honnertpro denen aaneren un an di gudd Punkten hues de verdingt
Woooooooooow Do kent Summer an d'Kummer immens... fir de rescht sin ech eh ze speit un a kann mech nemen nach als woon un den zuch henken, schleissen mech deenen anren un
hmmm...bewerten loossen ech dei Leit di mei dervunn kennen (maan dat nie gaer).
majo et gesaid een soulues den wanter kommen den reen fierun der dier an dann des foto do huet een dach loscht ob mei! (ass net schlem dass de mer keen vote ges gin der och net vill)
ma ehm stemmen denen anern zou richteg flott foto hues de hei opt been bruet hu mech am ufank gefroot wat hei beson,g wier wou ech se awer am ggrousse gesin hun huet sech dei fro soumat,och aleedegt
Jo patty also hei gouf schon alles gesoot, sou dass ech mech un déi vill Komplimenter uschléissen géif!
Gefällt mer och ganz gutt, och wann ech nët den Chef-Botaniker sin
Hues du ganz gutt gemach!
Ech mengen, wann een d'foto mei weit cadreiert hätt, hätt se u charme verluer, well jo dei blumm fier engem zougedreint ass an duerch een mei weiten Qu(C)adrage () geif se irgendwei an d'neicht kucken... Wann dir verstidd waat ech mengen, su irgendwei.
Dei Foto weilt ech printen lossen an hei ophänken, dann hätt ech besser laun.
Ech hu lo grad gemierkt dat ech der naischt bei dei Foto hei geschriwwen hun! dobai war ech iwwerzeegt ech haett daat gemaach... mee nujee..besser speid wei nie ech fannen se immens! super schaerft, flott Fuerwen an dain Hannergrond ass wiirklech super...