hehe ... een Fresch deen d'Spagaat mëscht )
Ech kann mech nëmmen nach deenen aaneren unschléissen ...
ganz flotten Moment, Format ass genau daat richtegt, an Cadrage och ...
Merci fir är comments!
Dé Weier war voll matt Freschen, mée esou baal Ech méi wéi 2-3 Meter u se erukomm sinn, si se blëtzartëg ofgetaucht.
Heen hei awer huet sëch um Bord vum Bassin ugehaal , a nët bougéiert.
En huet sëch esou breet gemaach wéi e konnt fir mëch färten ze din, a mëch provokativ matt sengen daischtere Glubschaan fixéiert.
Lues hunn Ech mëch erugeschlach, meng Hënn si fiischt ginn an hu sëch um Apparat verkrampft.
Matt Schrecken hunn Ech festgestallt, datt meng Beliichtungszait ze laang wor fier e scharf ze erwëschen , matt zidderëge Fanger ass ët mer nach gelongen, ganz heemlëch den Isowert ze erhéigen fier mëch an eng besser Schosspositioun ze brengen.
Dun: eng kuerz Vibratioun um Waasser, a Peng !!
Wéi Ech opgekuckt hunn war e fort, mée sain Antlitz haat Ech fir éiwëch a menger Pixelköscht gebannt.