Scorpius
Jungspund
Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18
|
|
"Deng Foto as net ugehol gin" |
|
Scheine gudden,
Also das schon puer mol firkom das eng Foto net ugehol gouw vu mir, an meechtens war d'Begrennung eigentlech och Berechtegt. Dsach as dei das een einfa gesoot krit "Nee, well sou an sou..." me et kann een sech jo amfong guernet selwer dozou äusseren? oder dFoto sou äneren das se fleicht awer akzepteiert get (an wan dan wees ech net wei). Sou huet een just d'Kritik, demno wei och e Verbesserungsfirschlach (de Grond wisou ech och Fotoen eroplueden), me just vun enger eenzeger Persoun.
Hun ech de Prinzip vum SIte net verstan ?
"e Site wou een Fotoen kann eroplueden fir das all PG user eng Kritik kann oofgin respektiv verbesserungsfirschlei maan. An net ee Site wou een just seng beschte Sachen eroplued well dan geife mer jo iwerall just kritiken kreien wei 'Wi schein!'" dat hun ech lo mei oder weineger hei aus dem Forum Ziteiert
Ausserdem as mer och opgefal dass wan eng Foto net akzepteiert get, dass dei als ropgeluede Foto zielt, soudass et nemi meiglech as, de selwechten Dach eng aner ropzelueden, fals een schon zb eng akzepteiert krut an eng net. Bon fleicht as dat och sou gewollt dat wes ech net.
Me bei enger vu menge Fotoen kreien ech gesoot "Foto wier onscharf, an op enger bestemter Platz wier zefil iwerbeliicht, an 'hien' geng ferten das dleit neicht dozou keinte soen", dozou soen ech nemen Pfui! nee me am eecht elo ;-) Hun oft am Forum hei gelies das Scheinheet am Aan vum Betruechter leit, me wat as wan dei iwerbeliichtung zb gewollt war ? An heinsdo gesin ech och alt mol eng oder di aner Foto hei, wou ech mech froen "an dei gouw akzepteiert" !?
Bon desen Thread sollt lo net Direkt eng Kritik sin, me eichter weilt ech besser verstoen wei dat hei sou leeft. Dono kann ech dan Kritiseieren
Btw, wenschen e scheine Kreschtdaach ;-)
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von Scorpius am 25.12.2010 15:35.
|
|
25.12.2010 12:59 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et gi genuch Themen dozou, sich e bëssen an du hues vill (!) ze liesen
An jo et ass gewollt dass eng refuséiert Foto och matgezielt gëtt fir d' Limit, selbstverständlech.
__________________ 404 - Not found
|
|
25.12.2010 14:03 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
zalut
nächste Keier schecks de mer eng PM, daat mecht dSaach mei einfach!!
den Aktiveirungssystem as eng Saach fir sech, mee et gin Fotoen dei kloer rausstiechen, am positiven wei och am negative Senn. Dei, fun därs du hai schwetz, as opgefall.
Et brengt nemmen weineg soueng Foto online ze setzen, dLait wärten schreiwen dass dKontraster ze extrem an dBeliichtung schlecht kontrolleiert war!
ausserdem: du WEES et joh, waat brengt et also wanns de daat ze heiren kriss?
"et war gewollt"....ok - an dem Fall as mol nees een "Fehler" zur Konscht deklareiert gin, an och DOZOU fensde fill am Forum...
dZiel fum Site as net "Fotoen aktiveiert ze kreien" . dZiel as eischter duerch Kritik ze leiren, an mat der Zait besser ze gin.
fir de Rescht, wei den Johny seet, get et fill Threads zu desem thema...do kanns de secher ALLES noliesen
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
25.12.2010 15:01 |
|
|
Scorpius
Jungspund
Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18
Themenstarter
|
|
Genau, d'Ziel as menger Mehnung jo och net d'Foto akzepteiert ze kreien, me das ech tips kreien wei ech meng Techniken wat Fotografeieren an Bearbechtung ugeht, ze verbesseren. An ech wollt eben kuken wei d'Foto geng ukommen, well ech se jo secher net ellen fannen wan ech se jo scho roplueden
"Fehler" an der Konscht ? dodriwer keint een elo Streiden ne ^^ Ech hu keng Konscht studeiert oder sou, an soen och just meng eegen Meenung dozou. Mee et gi bestemmten Kriterien an Richtlinien dei dem Menschlechen Aan mei angenehm bei engem Bild firkommen wan een sech drun hält, dan kann een och vun engem Fehler schuetzen wan een sech un dei haale well. Me Konscht as fir mech epes Relatives, an ALLES as fir mech schein souwuel ellen
Fir lo Konkret op dat Bild ze komen mat der iwerbeliichtung, mein Ziel war et das een alles wat Baussen war, net erkennt, duech eben eng heisch Beliichungstärkt, wat mir jo anscheinend och gelong as
wees net wei ech meng Firstellung soss hät keinten realiseieren. Wa mer lo schon hei sin, dan gemer mol en Tipp wei ech et keint besser maan das se next keier akzepteiert get
An wat d'schärft ugeet, ech hu mer leider na keen Stativ kaaf (selwer schold
) kennt awer demnext bäi
ps wan ech gewosst hät wien dan dofir zoustänneg war fir dfotoen ze akzepteieren, dan hät ech der secehrlech eng PN gmaach
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Scorpius am 25.12.2010 15:30.
|
|
25.12.2010 15:25 |
|
|
Scorpius
Jungspund
Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18
Themenstarter
|
|
Huelen un das dei fro un de blackpanther geriicht as
|
|
26.12.2010 11:18 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Photogen as eben Photogen.
Ech hun bis elo nach nët verstanen, wéi ee Kritik kréie kann, wann d'Foto nët fräigeschalt gët. Dat widdersprëcht sech.
Ech hun hei Begrënnunge kritt, firwat méng Fotoen nët ugeholl gin sin, déi absolut nët novollzéibar sin. Ech wollt viru Johren hei eng Foto weisen, déi duech spezial Effekter an der Dunkelkammer entstaanen as. Ech hat am Kommentar bis an de läschten Detail beschriffen, wéi een deen Effekt erreeche kann. Mee d'Foto gouf nët ugeholl.
Dun hun ech lues a lues eben d'Loscht verluer mech hei nach vill aktiv ze bedeelegen, a "Geheimnisser" aus der analoger Welt präiszegin. U sech Schued. Wee mech kennt, dee wees dass ech ier et Photogen gouf scho méi wi 10 Joer laang praktesch all Dag e Fotoapparat am Grapp hat, an de Rescht vun der Zäit an der Dunkelkammer geschafft hun.
Wann der nët gefällt, wéi et hei leeft, da muss de eben no Alternative sichen. Photogen huet eben eng gewësse "Philosophie" un déi se nët wackele gin. A Photogen huet hei d'Hausrecht.
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 26.12.2010 14:57.
|
|
26.12.2010 14:53 |
|
|
shingo
Jungspund
Dabei seit: 08.12.2009
Beiträge: 15
|
|
Genau esou ass ëtt!
Hei entscheeden eng Hand voll Leit ob déing Photo eppes ass oder nëtt!
An nët d'Allgemengheet!
An e huet een och guer keng Chance géint hiren Votum unzekommen.
Dofir hun ech leider (ewéi vill aanerer och) virun e puer Wochen obgehaalen Fotoen hei erop ze lueden!
Villeicht kënnen déi Damen an Herren an Administrateuren sëch mol um Rimm rappen.
Well de Moment ass och wirklech nëtt méi vill hei lass.
An sëch schued fir een Lëtzebuerger-Site! (deen och nach perfekt gemaat ass)
BG
shingo
|
|
26.12.2010 15:12 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Ech hun eng Fro :
ALL DEI WOU EMMER MECKEREN WISO KOMMENTEIREN DEI NET ALL FOTOEN WOU HEI UM SITE SIN AN WOU KEEN ODER 1 KOMMENTAR DOBEI STEET??
DEI LEIT WOU AKTIVEIREN HUN 100% AHNUNG VUN PHOTO! an ech sin frou das dei LEIT SECH Zeit huelen fir daat ze maan well z.b Fotocoummuntiy as esou vill schrott drop...oder DeviantART och...
Et as sowieso EASY SEX SELLS
|
|
26.12.2010 15:41 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Stemmen dem Kwitch zou, vun verschiddenen Leit heiert een nemmen eppes wann et drems geet Photogen ze kritiseieren...naja.
@Shingo: Kuk an engem Joer nachengkeier dei Fotoen dei refuseiert goufen, an fro dech dann mol nachengkeier ob een refus net awer fleit berechtegt war...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
26.12.2010 17:06 |
|
|
Mika
Doppel-As
Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143
|
|
Alle Jahre wieder
Jo Photogen huet eng Philosophie, an gleew mir, wannste PG anstenneg "benotz", da léierste eppes...um Ufank kruut ech och vill Fotoen refuséiert, eng Begrennung an dann wäer daat ok. Rem raus néi Fotoen maachen...wann ech di Fotoen lo gesinn, di wäeren grausam! Wannste einfach Fotoen wells roplueden fir Kommentarer ze kréien, da mell dech wou aanescht, fotocommunity, flickr etc...ech hunn daat eben emmer extra flott un PG fonnt, dasste baal all Foto konns kucken an soen jo ok déi huet eppes. Fannen suguer am Moment ginn ze vill iwwerfleesesch (Schnéi) Fotoen akzeptéiert, irgendwann kuckste keng méi richteg...et geet einfach beim ganzen System drem, sech ze iwwerleen waat een roplued...an wéi scho gesoot ginn ass, du léiers och vill derduerch aaner Leit hier Fotoen ze kommentéieren, am Geigenzuch sollste dann och méi Kommentarer remkréien, d'Matschaffen vun de Memberen mecht daat ganzt einfach mei dynamesch.
An gleew mir, bléiw nitt laang bei däer refuséierter Foto hänken, géi raus an maach néier ;-)
|
|
26.12.2010 18:12 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Un all déi wou hei den Back nees grouss oprappen vir ze kritiséieren:
Sidd dir motivéiert vir nach bei der 300ter grottenschlechter, langweileger Foto eng konstruktiv Kritik ze schreiwen? Wei schon gesot solls de als User der och selwer Gedanken maachen iwwer deng Fotoen an net nëmmen déi aner vir dech schaffen loossen. Wanns de Kritik wëlls, muss de als eicht mol kritesch mat der selwer sinn an genau dofir gëtt et d'Kontroll beim Upload.
Et ass jo och net wei wann een keng Kritik bei déi refuséiert Foto géifs kréien, mee kriss genau gesot wat den Problem ass. Domat hues de meeschtens schon méi Kritik wéi wann se einfach aktivéiert géif ginn, well dann souwisou keen en Kommentar derbäi schreift.
__________________ Anti-Signature
|
|
26.12.2010 19:24 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Photogen ass net fotocommunity (eng Firma déi Sue wëll verdingen) an och keen deviantart (déi esou grouss ass dass 90% vun de Fotoen ënnerginn). Mir hun eis Linn déi mir anhalen, an do soll och näischt dru geännert ginn.
Den Aktivéirungssystem u sech sollt méi iwwersiichtlech gemaach gin d.h. mat ganz kloer definéierte Riichtlinnen wou een dann herno noliese kann wéieng net agehal gouf bei der Foto, falls se refuséiert gëtt, mee als eenzegen Programmeur ass et eben och net einfach esou Saachen sou séier ëm ze setzen wéi et eigentlech sollt sinn.
Jidfereen (an domat mengen ech wierklech jidfereen) dem ech bis elo mol e puer Fotoen gewisen hunn aus eiser Lëscht déi sou refuséiert gi sinn seet dann: Oh freck, gutt dass dir dat maacht an net alles op de Site loosst.
An dem Sënn sinn ech och frou fir all déi Leit déi hëllefen fir do mat ze sortéieren.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.12.2010 19:55 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Wéi wier et dann fier eng Kéier eng Rubrik "Worst of" vun denen ominéisen refuséierten Photoen ze maachen ?
Dann géiffen vlait och verschidden Useren sech effektif selwer eng Meenung bilden kennen opp den Refus berechtigt war oder net.
|
|
26.12.2010 22:56 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Nee, da géifen d' Leit jo definitiv demotivéiert gi, wa se och nach sou oder ähnlech bezeechent ginn.
Et gouf schonn oft driwwer diskutéiert wéi ee de System (fir an Regierungswieder ze soen) reforméieren kéint, mee henro hu sech trotzdem emmer nach déi meescht dofir ausgeschwat dass e vum Prinzip hier sou soll bleiwen.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.12.2010 23:52 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Stemmt och nees.
Dann ass et besser et ass esou wéi et elo ass. Doduerch behällt photogen.lu een gewessen niveau an kann sech kloer vn siten wéi flickr ennerscheeden.
|
|
27.12.2010 08:47 |
|
|
Scorpius
Jungspund
Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18
Themenstarter
|
|
Fir deicht mol merci un all di leit dei hei matgeschriw hun. Wei gesot, dest sollt net direkt eng Kritik sin, ech wollt mol mei genau wessen wei dat sou leeft, an wat anerer sou driwer denken. Wollt secher keen ugreifen oder sou. Mat all denen Argumenter dei hei genannt gi sin, waren duechaus novollzeihbarer dobei, vun denen "2 Seiten" hier.
Ech fannen et ansech jo och gut, das e gewessenen Filterungssystem do as, wei de VeloBen scho soot, domat hällt een Photogen op engem bestemtenen Niveau. Meng Fotoen sin Anfänger fotoen an well mat secherheet net soen das dei wou net akzepteiert gouwen, sou gut sin dass se et missten. Das eben just das een sech mat där enger eenzeger Kritik vun deem deen dei Foto kontrolleiert huet, zefridden muss gin, an halt dat bescht aus där Kritik machen fir di next besser ze machen.
Fleicht hun ech et bessen ze perseinlech gehol, well d'Kritik war bessen 'am Num vun den User': "...d'leit weissten bestemt net wat se zu där Foto sollten soen..."
Ech well och lo net weider drop agoen, Photogen huet sein System, an das jo och secher net einfach fir jiddereen zefridden ze stellen, dofir, ech wes lo wat ech wessen wollt, an lo get rem Fleisseg Fotoen gemach
Wenschen jidderengem e gudde Rutsch !
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Scorpius am 27.12.2010 10:58.
|
|
27.12.2010 10:56 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von Scorpius
Wenschen jidderengem e gudde Rutsch ! |
Gläichfalls
__________________ 404 - Not found
|
|
27.12.2010 11:00 |
|
|
|