Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
|
|
MacBook 13 oder 15 Zoll ? |
|
Metch dir schein Leit,
wei schon an engem aanerem Thema erwähnt well ech mer en MacBook kaafen.
Nun stellen ech mer d'Fro ob ech een 13 oder 15 Zoll Macbook kaafen soll. Also vum Prais hir sin se zimlech wait auserneen.
Eben wei all aaneren PG User schaffen ech vill mat Fotobearbechtungsprogrammer (PS, etc) , entwerfen puermol am Joer Flyeren an Affichen etc.
Nun wollt ech froen ob en 13 Zoll Bildschirm net ze kleng as fir sou Arbechten. En plus as jo bei den klengen Macbooks keng richteg Graphikkart dran. Sin lo keen sou en Expert dran. Waat mech just nervt as, dass dei Leit soen, fir sou Saachen wei ech well maachen braicht ech keng Graphikkart, mee eischter just fir ze Spillen (waat ech souwisou net maan) , an am Geschäft selwer behaapten se, dass ech eng Graphikkart mist hun. (warscheinlech soen se daat nemmen fir dass ech en Macbook Pro kaafen )
Ech wier dankbar fir all Meenung an all Erfahrungsbericht, schliesslech as et keng Investitioun vun 100 euro, mee eppes fir waat ech en ganzen mound muss schaffen goen.
Merci am firaus.
Bübchen
|
|
15.08.2007 10:26 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
also ech giff schon alleng winnst dem glossy bildschirm den 13 zoll net huelen, daat verfaelscht der deng fotoen nemmen, an ass wirklech bessen kleng hmm, also ech haat mer dei froo och gestallt an hun dun den macbook pro firun 3 meint kaaft, bereien ett wirklech net
den bildschirm ass em weiten besser well en mei grous ass an keen glossy
|
|
15.08.2007 12:33 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
12 zoll as daat daat bescht
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
15.08.2007 13:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wanns de en wirklech wëlls huelen fir en herno als primären Computer ze gebrauchen an all dei Arbechten dropzemaachen, do geif ech net zécken an den Macbook Pro kafen, also den 15".
Ech hun den 13" mee daat ass well ech fir richteg ze schaffen en 20" iMac hun, an de Laptop wirklech wollt als eppes klenges praktesches hun. Hätt ech den iMac net gehaat hätt ech mer secher och den MBP 15" kaaf.
Daat matt der Grafikskaart: am PS mëcht et 0 Ënnerscheed, do ass RAM vill mei wichteg.
__________________ 404 - Not found
|
|
15.08.2007 14:19 |
|
|
Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
Themenstarter
|
|
Hhmm daat kennt lo, eierlech gesoot zimlech iwerraschend.
Haat lo eischter domat gerechent dass der geift soen, den 13'' wär voll an der reih.
Ech hun nämlech en Kolleg deen studeiert Infographie an mescht all seng arbeschten op engem Macbook 13''.
|
|
15.08.2007 15:44 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
hmm jo ass jo och meiglech drop ze schaffen, du hues nemmen gefroot waat wuel den besseren choix wier
|
|
15.08.2007 15:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Kloer geet et, mee de Laurent huet mam Glossy scho Recht. En stellt Faarwen zwar excellent duer, mee fir wirklech Fotobearbechtung ze maachen drop ass en einfach nemmen schlecht. Oder ech z.B. mam Designen ... En Design den ech um Macbook maachen gesäit herno um iMac grausam aus vun de Faarwen hier. Emgedréint geet et awer.
Wann ee Student ass kann een nach bessen Reduktioun kreien
__________________ 404 - Not found
|
|
15.08.2007 15:59 |
|
|
Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
Themenstarter
|
|
Kloer an wann een eng Profenkaart huet nach mei
D.h. Johny du wells soen, dass d'Faarwen um MBP mei realiteitsgetrei sin wei um einfachen MB mat glossy Bildschirm ?
|
|
15.08.2007 16:36 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jo dann nach méi ... stëmmt.
Jop allerdings, daat si se, mee maach net de Feeler a kaaf en Macbook Pro matt glossy, do kann een nämlech wielen
__________________ 404 - Not found
|
|
15.08.2007 16:38 |
|
|
Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
Themenstarter
|
|
LOL nee nee dorop passen ech ganz gudd op
|
|
15.08.2007 18:58 |
|
|
nikkie unregistriert
|
|
ech fron mech zwa wat der géint glossy hudd O_o
ech hun awer guer kee problem mat mengm klengn léiwe glossy-macbook Oo
|
|
15.08.2007 23:39 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Also, ech gin dem johny an laurent recht....Wann, dann 15" wanns de den MBP als Haaptcomputer asetz. Wanns de lo nemmen en Laptop bräuchs, fier mobil ze sin, dann geing den 13" wuel duer goen, mais den Shiirm, naja, ech wees net sou richteg...Dei 2 leien natierlech en Steck äuserneen, mais do geing ech zwar och den 15" oder souguer den 17" 2,4Ghz ;-) wielen... do komme mer zwar schons an eng Präiskategorie, dei alt mol keint weidoen....
Op alle Fall, wanns de bessen flesseg bass, MacBookPro. Definitiv.
En Kolleg vun mier huet den MacBook an geing en am leiwsten duerch t'Fenster geheien, well en net anstänneg domadden schaffen kann, ass zwar nach en alen Modell, mais hien ass net sou zefridden mat deem....
Aanerwärts hun ech en Koleeg, deen huet den aalen MacBookPro 17" an geing en net mei hier gin...
Your choice baby! :-)
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
16.08.2007 11:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von nikkie
ech fron mech zwa wat der géint glossy hudd O_o
ech hun awer guer kee problem mat mengm klengn léiwe glossy-macbook Oo |
Ech hun et schonn erklärt. Och net fir näicht iergeren vill sech iwwert dei nei iMacs dei lo och glossy hun, well Profi'en si lo gezwongen op manst en zweeten écran derbäi ze hun, en normalen. Wann een just nemme glossy benotzt an nie vill mecht wou et wichteg ass dass Faarwen perfekt harmoneiren, mirkt een och net wéi mies glossy ass
__________________ 404 - Not found
|
|
16.08.2007 13:54 |
|
|
nikkie unregistriert
|
|
Jojo ech hun dat jo schon matkritt dass de dat sos
si jo net daaf^^
also ech hun och en compu mat normalen bildschirm, an de macbook fir niewebäi, an ech verstin jo och wat der wellt soen. mee ech fannen et wirklech net esou schlemm fir en 'aus der fenster ze geheien' oder jo. du hues scho recht mat de farwen, mee jo dofir huet een jo dann en anren bildschirm.. mee den glossy huet net nemmen nodeeler
|
|
16.08.2007 14:31 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Nee fir wechzegeheien net, ech hun mein Macbook jo nach emmer
Ech ka just net drop designen an dann erwaarden dass gutt Resultater derbäi räuskommen.
Glossy huet just ee Virdeel: D'Faarwen sinn méi kräftech. Dene meeschten End-user geet daat duer well dei manst gebrauchen se fir Saachen wou et wichteg ass dass een d'Faarwen prezis richteg gesäit. An dei sinn dann och méi frou dermat
__________________ 404 - Not found
|
|
16.08.2007 14:38 |
|
|
Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
Themenstarter
|
|
Jongen lo schlot ierch d'Käpp hei net an weinst mengem Macbook
)
also ech war mech och mol an d'Geschäfter emfroen (Lineheart, Computer Home) , an dei sooten mer och dass d'Faarwen halt truckeiert gin.
Ech wärt mer halt mussen op d'Zänn baissen an dei 400 euro mei bezuelen fir eppes anständeges ze kreien waat och puer Joer hält.
Ech froen mech zwar ob ech net sollt leiwer nach den een Mound waarden bis den Leopard rauskennt. Sou keint ech eventuell 125 euro domat spueren, am Plaatz mer an engem Mount en mussen ze kaafen.
|
|
16.08.2007 18:38 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
An engem Mount muss de nach annerhalwe Mount op de Leopard waarden
__________________ 404 - Not found
|
|
16.08.2007 18:45 |
|
|
Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
Themenstarter
|
|
Deen soll jo endes Oktober rauskommen oder? ^^
|
|
16.08.2007 21:17 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
jo also mam leo haat ech mer och iwerluecht ze waarden mee daat reckelt emmer no hannen ^^ bon dono keefs de der einfach zu puer een family pack dann hun 5 leit en legal an ett kascht "nemmen" nach 40 euro par tete, waat ech fair fannen fier een OS
An denen sachen ass mein moto emmer "An engem Mount gett ett och rem eppes op daat ech een mount waarden kann well ett dann nei ass" technik vereelst eben
oder gott sei dank
|
|
17.08.2007 00:04 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jo Enn Oktober ass gesot.
__________________ 404 - Not found
|
|
17.08.2007 00:12 |
|
|
|