hehe joh do wees een wousde wars...
as awa mol eng nai Vue derfun (dass et daat na get...)
den schiifen Horizont an dBloteinung gefaalen mer suppergudd an daat eenzescht waat steiert sen dei Linnen do am Goudron...dei kiinten mol endlech enka den Bellaach do rondrem FERDESCH man...XD
FLOTT!
hehe wier eng optioun... (mi belesch wei den Belach zerneiren wier se joh mol...XD)
mengn wann se giffen an den Ekk ennen lenks laafen wieren se suppah integreiert...mee mengn den Blekkwenkel as net z fannen.....
njah soit...as joh nemmen een detail...
Di Linnen stéieren dach net, déi weisen dach dem Bléck de Wee durch d'Bild. Wann déi net do wieren, da wier do sou eng uniform groFlaatsch, an da gif déi de Bléck op séch zeihen. An dat wier ménger Meenung no, méi schlecht. Sou as di Foto hei dynamesch a lëfteg.
Ass méigleg mee ech mengen fir et richteg ze bewärten misst een se an denen zwou Versioune gesinn an ech maan mech awer lo net midd dofir, fir déi wechzemaachen
Merci
d'Blotéinung gefällt mer.
De cadrage ass Affaire de gout , e passt zuar zu denger Linneféierung: engersaits de Bou vum Gebai dé parallel zum rietse bord vum Bild leeft, aanersaits de Liichtstrahl dé schéin an der Diagonal vum Bild leeft, trotzdem bewierkt d'Setzwo a mengem Kapp, datt Ech de Kapp ëmer erëm no riets bécken fir den Horizont an den Niveau ze kréien.
Ech mengen daat ass just well mer net gewinnt sinn kromm ze kucken (ass am fong och gutt sou, oder net? )
Am fong wollt ech um Ufank just de Liichtstrahl sou fotograféiren an dun hun ech beim kucke durch de Sucher réischt gemirkt, dass et och riets passt esou.
Merci fir de Kommentar.
weess de wat dat allergäilst op däer foto as? dee sonnestrahl deen sech hannen an der fënster bei de betruechter (also bei mech ;P ) spiggelt! dat as einfach cool!
soss vum kontrast, a vun de faarwen hier as dat richteg cool!
relax man ;D