Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gare

 
Gare
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.06.2022
  • Gekuckt:
    11049
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x1500
  • Späicherplaz:
    571 KB
  • Originaldatum:
    2022:06:23 18:24:45
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
en mettelgrousst Riesenrad

Fir anzesetzen: [pg_img=92105]
Kommentar vum Fotograf:
Et ass tatsächlech flott mol nei Perspektiven gebueden ze kreien.
marker 25.06.2022 - 09:07
Dat ass der dach emol eng cool Vue op d'garer Platz. Schéin Déift am Bild a super Tounwärter, an en plus nach d'Gebaier gutt ausgeriicht trotz den 20 Millimeter Brennwäit.
Gefällt mir exzellent!
tormi 25.06.2022 - 10:55
Merci Marc,
ech mengen ech hun mech nach nie esou op en Riesenrad gefreet wei hei, fier nei Perspektiven ze kreien. Mä ech war mir net bewosst wivill Stangen an Seeler do kennen henneren bigsmile
Freet mech wann se gefällt
Merci fier den FAV
Nicon07 25.06.2022 - 14:38
Dat ass dacks esou an der Fotografie: do seet ee séch vu baussen: Wat muss dat eng Vue vun do bannen raus sin! an dann ass een enttäuscht, well vu bannen irgendeppes de fräie Blàck blokéiert.
Nicon07 25.06.2022 - 09:17
Dem Marc säi Kommentar ass och mäin. Super Opnam!
tormi 25.06.2022 - 10:51
Merci Nico, en Luew vun engem Spezialist vun der urbaner Photographie ze kreien freet mech besonnesch smile
Nicon07 25.06.2022 - 14:36
Pass op! Ech war e Mëttwoch kurz viru Mëtte och do um Buedem ënnerwee mat analogem Geschiir. Dat muss lo nach an ee pays de développement geschéckt gin an da wärt ech Enn der nächster Woch dat hei weise kënnen. Mol kucke, wat ech do gezwafft hun. smile

P.S. Wann hei ee Spezialist an der urbaner Fotografie ass, dann ass dat awer éischter de georges wéi ech, oder? closed_eye
tormi 25.06.2022 - 17:36
Ech freen mech op deng Vue'en vun deser Plaatz

Nicon07 25.06.2022 - 22:37
Ech droen se réischt e Méindeg an d^Postkëscht. Ech wëll nit, datt se do an deem giele Blechdëtonguepen an der praller Sonn nach grillen, eet se bei den Entwéckler gin. closed_eye
tormi 26.06.2022 - 00:06
Dei wichtegst Tugend vum Gärtner ass Gedold %uD83D%uDE0A ... mä ech mengen bei der Photographie ass dei och net schlecht %uD83D%uDE04
Nicon07 26.06.2022 - 09:30
Do hun ech dach irgendwann mol sou een Zitat gelies, vu wiem weess ech nit méi, do housch e fräi iwwersatt: Wanns du wëlls Gedold léiere, schaff am Gaart! Mais dat ass méi liicht gesot, wéi gemaach. smile
Nicon07 26.06.2022 - 09:33
Bei der Fotografie ass et grad sou, och wat d'Pl?cken ugeet.Wann ee s?ch nit ganz s?cher ass, datt d'Aerdbier zeideg ass, da muss een et nach h?nke loosse, mais wann een et ze laang h?nke l?isst, dann ass et faul. Et ass di Geschicht vum Raymond Clement s?ngem "siiwente Wandstouss". Vl?icht kenns du d?i Geschicht jo, wou hien erkl?rt huet, w?ini den Z?itpunkt fir auszel?ise komm ass.
tormi 26.06.2022 - 10:55
Dei vum siiwente Wandstouss kennen ech net, awer dofier den R.C. an ech mengen deen huet aus senger Beobachtungsgab den richtegen Feeling entweckelt fier am richtegen Moment dobei ze sin.

Vleicht war et grad den siwenten deen mier beim Ketti sengen Fändelen d'Gare freigestallt huet ... wien wees closed_eye
gemu 25.06.2022 - 11:33
Genial, ganz uspriechende Bildopbau mat enger Entréee and d'Bild, waat aus der Héicht net esou evident ass. Super Opnaam Tom. Lo huet d'Kaatz de Vull mat der Maus an dem Keiss geholl bigsmile
tormi 25.06.2022 - 12:20
Merci Georges,
freet mech wann se dier gefällt
Merci fier den FAV
tormi 25.06.2022 - 17:38
Deen verfroossenen Puss ... zumindest setzt en nach op der Turemspetzt closed_eye
Nicon07 27.06.2022 - 08:29
Lo gesin ech réischt, datt een owes um halwer 8 muss dohinner goe, fir datt d%u2019JJ-Strooss als « Torche » oder « Spotlight » hire groussen Optrëtt huet. Dat ass also d%u2019Geheimnis vu gudde Fotoen, datt een net op den éischte Bléck bewosst erkennt, wou d%u2019Kiischt um Kuch läit.
tormi 27.06.2022 - 09:30
En glecklechen Nieweneffekt, war vill ze waarm fier eichter aus dem Haus ze goen closed_eye
theom 27.06.2022 - 11:11
Ganz gudd SW Foto, top schaerft , lo gesait een mol wat d'Gare e schéinen Turm huet.
tormi 27.06.2022 - 18:38
merci theom, freet mech wann se gefällt smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 286 Gäscht online