Ëmmer nees flott, ech war virun 3 oder 4 Joer e puer Deeg just fir Fotoen ze machen op Niewport, a Biller wéi déi hei, soe mir: et gëtt Zäit, dat nees emol ze machen.
Beachtlech waat de 4lënsegen Solinar léscht am Verglach zum vill méi deieren CZ Planar an och bei enger Kamera wou d'Filmplanage nët onbedingt op Hasselblad Niveau ass an de Fokus mam Pifometer gemaach gët (zumindest bei dem relativ klenge Format hei)...
Mein Pifometer seet mir, Jaycee,
dass des Foto exzellent diskret ass,
an de Klima onschëllig, de Wellenbrecher
stengich, d'Appartementer nach ëmmer
mi deier, an och d'Crevetten net besser
wärte gin.
Genee esou ass et Jaycee ech sin selwer ëmmer nees erstaunt iwer d'Quali vun den Opnamen am Verglach mat Hassi, Rolleiflex a co. Et ass ëmmer e Plëséier mat der Agfa o pif ze schaffen zemols och vum Gewiicht hier an se hëlt keng Plaaz an, esou als Ëmmerdobäiknips am 6x6 Mantelstäscheformat.