Gefält mer net nëmme besser wéi déi 1t Versioun mee gefält mer gutt! Qualitéit schéngt besser ze sinn an duerch déi douce Faarwen ass se méi interessant.
dëst Bild gefällt mer besser.
Am Schnéi ass Struktur an et ass eng Oofgrenzung tëscht Schnéi an Niwwel, waat dem Bild méi Déift gett.
Daat liicht Blo am Himmel gëtt dann och nach d'Wanterkeelt zréck
Déi ass richteg flott ( an och technesch problemlos. )!
Mir gefält besonnesch de Verlaf am wäissen Himmel, deen et bal net fäerdeg bréngt e bësse blo ze ginn.
Zwee Gedanken:
1) Villäicht awer d'Halschent vun der Wiss ënnen ewechschneiden?
2) Villäicht säiteverkéiert dréihen. Wann den Hochsitz riets steet emfannen ech d'Bild méi harmonesch.
Wat méngs du?
Merci jorsch. Ech änneren lo zwar näischt méi well se sou an der Oofstemmung ass fir d'WF mee Du hues mat deenen zwou Bemierkungen vollkommen Recht.
1) Den Horizont ass zevill an der Mett, net ideal.
2) D'Aan kukkt vun lenks nor riets, lenks kennt direkt den Hochsitz an dann kennt näischt méi, net gudd.
Ech hun der méi sou do gemaach, an den nächsten Deeg versichen ech mat enger aanerer déi Feeler net méi ze maachen.