D'Motiv, also d'Kapell ass ze vill zentréiert. Dat wierkt langweileg an oninteressant. Du hues d'Foto an d'Kategorie Landschaften gesat. Et wier vläicht méi flott wann een d'Motiv effektiv an enger Landschaft geng gesinn (vläicht méi aus der Distanz, oder en ganz aner Vue drop). Dat ugeschniddent Kaatzenaan ënnen am Bild ass och ongënschteg, dat kéint een awer nach matt Photoshop wechman. Déi schwarz Rumm lenks a riets gefält mir perséinlech net an dréit och näischt zur Foto bäi.
Et kennt natierlech nach emmer haaptsächlech op dee Moment un wou een d'Foto mecht, also op d'Motiv a wéi een et an Szene setzt. Mee ganz ouni Fotobearbeschtungsprogramm geet et definitiv net... Bal all Foto muss entweder korrekt ausgeriicht ginn (riichten Horziont zb) oder de Kontrast muss erhéicht ginn, se muss nogeschärft ginn oder d'Faarwen ugepasst... Et muss awer net den deieren Photoshop sinn. Ech hat am Ufank de Gimp a sinn domatt eng laang Zäit gutt gefuer. Google mol duerno, dee kriss de gratis rofzelueden. Et ass am Ufank natierlech schwiereg sech a souengem Programm remzefannen an ech hu misse ganz vill froen a googlen fir matt der Zäit besser eenz ze ginn, mee et lount sech definitiv
Merci.
Ech lueden mir deen Programm emol eroof. Probeieren eng Zeit domat ze schaffen a mellen mech daran erem.
Ech well hei keen nerven, ech brauch awer Hellef.
Merci all denen dei mir konstruktiv äntweren oder meng Biller kommenteieren.
Ech well domat awer keen aaneren steieren oder belästegen.
Jhempinho
Wann hei iergendee mengt du géifs eis duerch deng Fotoe belästegen, dann huet en de Sënn vun dem Site net verstanen. Enner "Iwwert Eis" hei um Site steet: "Photogen ass e Site dee gemaach ass fir Leit déi d'Fotografie als Hobby un, déi och drunn interesséiert sinn sech mat Hëllef vu Kommentarer an Kritiken vun anere Leit weider ze entwéckelen."
Bei jidderengem hei kanns de am Profil an de perséinleche Galerien gesinn, datt déi Fotoen am Ufank ganz aneschters ausgesinn wéi déi vun haut. Bei dir wäert dat och sou goen, wanns de dru bleifs. Mell dech roueg wanns de Froen hues.