Ech weess vu ménger Uniszäit, vun enger Eechternoacher Mattstudentin nach e puer aaner flott an aussergewéinléch Wierder a Riedensarten. Sou huet hatt méch eemol gefrot, ob ech "frësch gi wier", wéi ech genéitscht hun. Mir als deemols nach Mierscher Zentrist war dat net direkt bäigefall, datt ech méch "erkaalt" hätt. Lo weess ech awer net méi op hatt mir deemols och ee "Sakdouch" ugebuerden huet ... Dat kann och eng Bekannte va Veine gewiäst sin.