Di Foto brauch kee Kommentar, wat den Androck vun Déift an Stëmmung an Aesthetik ugeet. Mais erlab mir just eng kleng Suggestioun: Ech fannen, datt deen ieweschten Deel vun der Foto ze vill roueg ass, an deemno een Déséquiliber an der Dramatik ass. Hues du scho mol dru geduecht, den 3:2 Format ze afferen an ee liichte Panorama sou am 16:9 oder 16:10 ze maachen, deen denn ieweschte blogroen Deel vun der mi däischter groer geschwongener Wollek rechts genee am rechten ieweschten Eck auslaafe léisst. Dann häss du nach genuch orangë Schäin lénks an et wier méi Mouvement am Himmel. D'Feld ënnen ass jo schon ee rouege Géigepol zum opgewulltenen Himmel. Wat mengs du?
P.S. : Ech weess jo, datts du di Foto hei bewosst sou cadréiert hues, an ech verstin och gudd, wat s du mat dësem Choix wolls ausdrécken, an ech sin och iwwerzeecht, datt dir méng Iddi och duerch de Kapp gaangen ass, a grad dofir wollt ech dës Discussioun ureegen.
Nico, merci bien fir deng detailléiert Analyse...
Ech muss zougin datt ech hei nët laang genuch no engem neie Cadrage gesicht hun....ech war lidderech an hun den Original gelooss - mee däi scharfe Bléck huet dat direkt gemierkt - ganz kloer eng Verbesserung fir d'Bildwierkung - an mat dem neie Cadrage bléift se elo och a mengem Archiv - ech lueden se awer elo nët extra nei erop