Top Serie, top scharf, einfach gutt !
Eng Präferenz hätt ech och fier déi éischt, mais et ass wierklech schwéier hei ze soen waat fier eng déi Bescht ass, daat huet vill mat perséinlechem Gout ze dinn.
Ass ëmmer gutt eng friem Meenung zu sengen Fotoen ze kréien, well een selwer zevill Bezuch zu sengen eegenen Fotoen huet an dann einfach Saachen iwwerséit...
Di eischt ass och mäin perséinlechen Favorit, aus folgenden Grënn:
1) gefält mer di ongewéinlech Positioun vum Kaweechelchen, well et esou schéin d'Gläichgewiicht mat sengem decken Schwanz ausbalancéiert.
2) seng Schwanzspëtzt befennt sech duerch Chance genau an der Linn vun sengem Aan,wou ech fokuséiert hunn, an doduerch ass Schwanzspëtzt mat scharf.
3) duerch d'Géigeliicht gefàlt mer d'Liichtstëmmung am Bild an am Bokeh ganz gutt.
Di 3te ass am Schloréen gemat ginn bei extrem schlechten Wierder... an hei gefält mer d'Liicht um Kaweechelchen selwer..
Qualitativ fannen ech Nummer 1 am beschten.
Nummer 2,3 an 5 sin stark Tounwertofress am Hannergrond.(Geseit een am beschten wann een d'Foto mat schwarzem Hannergrond um Monitor kuckt)
Bei Nummer 4 sin se net esou stark, mee do ass den Schwanz uewen geschnidden wat e bessen stéiert!
effektiv sinn Nummer 2, 3 a 5 bei schlechten Liichtverhältnisser gemat ginn.
Duerch Kompressioun an de jpeg op 2000 px sinn dann di ellen Tounwertofress entstaan.
Haat och mat deem Trick mam Rauschen asw. probéiert, mee huet näischt gehollef.
A mengem Fall mecht dat awer näischt aus, well op den Originaler bei iwwer 5000px op 16 bit keng Tounwertofress ze fannen sinn, an ech d'Biller mat voller Opléisung an den Drock ginn.
Beim Bild 4 hunn di puer Hoer vum Schwanz leider net méi an d'Bild gepasst, wollt awer keng nodréiglech dru pëche goen
Di 5 Biller sinn net gecropt, dofier och wéineg Spillraum mam Cadrage...
Verstin dass et net einfach ass fir déi ewesch ze machen,du bass net deen eenzegen deen munchmol domatt Problemer huet
Mee um Endeffekt ziehlt just dat was du hei weis, wéi bei alleguer deenen Leit wou hei Fotoen eropplueden.
Dei eiweg Geschicht mat den Tounwertofress etc...et Hänkt alles vun de Bildschiremer of... Um Ipad gesin esch hei nix, um Apple Imac, den keng Referenz ass vir ordentlech Bildbearbeschtung gesait en dei Tounwertofress demno weien Farwprofil en agestallt heut, elo hei um Eizo, kalibreiert, an den dofir gemach ass gesait nix vun Tounwertofress... et ass eng Sach vun Kalibartioun an Qualiteit vum Ecran... Do net jidereen dei selwescht Ausrüstung heut an och net selwecht kalibreiert heut asset immens schweier et do jiderengem Gerecht ze man....
Facebook zbsp, do kennt dann nach nees eng zousätzlech komprimeierung mat dobei an dann gesait en sou Effekter nach mei satrk.... mee am fong kann en just e Bild ordentlech um Pabeier betreuchten..... An dann interpreteiert nees jideren Farwen annescht... Vun dohier, kom mir sin net all ze iwerpingleg...
zu Da Foto, eng wonnerbar Serie, gefallen ma all Gud, woubei Nr 1,2 an 5 meng Favoriten sen.
p.s. Féliciatioun zu da weulverdengter Wochenfoto !
Do kann ech der net Recht gin! Ob engem Ipad kann een absolut keng Foto beurteelen, an ech hun och nach en Eizo Monitor an do geseit een se och
Mee dat ass jidderengem selwer iwerloos welch Usprech een un seng Fotoen stellt.
Naja Jacques, mengen net daste recht heus, sen genuch Profien dei den Ipad als zweschen Etappe benotzen um Terrain, bei Clien'en etc... wann dem sou wir wieren se io all op da falscher Schiene.... paraport zu Dir.. Mengen Op engem ipad kannste berouegt en Jpeg mam richtegen Farwprofil um Ipad bewerten...!
Jo do kann esh Dir net helefen dann wann dein Ecran dei sou stark unweist... falsche Kalibrage, ze Stark kontraster, assen un engem Laptop mat enger 2 Ecranskaart ungeschloss etc.....
Dat mat den Tounwärtofress, dat ass eppes wat ech net esou richteg verstinn? Si trieden haaptsächlech bei onrouhegem Hannergrond a Kombinatioun mat schlechten Liicht op.
Déi Konditiounen wou mer zum gréissten Deel hei am Land hunn an der Naturfotografie!
An ech wees och net wat' ste als Fotograf bei schlechtem Wierder an onrouhegen Hannergrond bësser kéins maachen fir se emol guer net ze kréien?
Verstinn net , dass Adobe sech do nach keng afaale geloos huet fir dat einfach per Mausklick ze eliminéieren...
Bis dohinner bléift et en decke Problem deen esou richteg kann nerven, zumol wann een seng Biller muss kompriméieren fir se op de sozialen Netzwierker wëllen ze weisen
Dat mat deem Rauschen beimëschen asw. hellëft nemmen zum klengen Deel...
Hoffen dass Adobe an nächster Zäit eppes dofir brengt!
Eng super Serie.
Mir gefält di éischt och am beschten, d'Grënn hues de selwer schonns genannt.
Awer di 3. mat de Reendrësen huet och vill Charme.
Si hu mech och un deng super Foto vum Kaweechelchen am Schnéi erënnert.