Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Il m'aime ...

 
Il m'aime ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.07.2006
  • Gekuckt:
    28129
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x750
  • Späicherplaz:
    220 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Objeten & Still Life
2. Kategorie: Digital Art »» Allgemeng
Extras:
e kléngen selwergebastelten "Studio", Photoshop an vill Langweil ;)

Fir anzesetzen: [pg_img=8241]
Kommentar vum Fotograf:
... il ne m'aime pas.

Hu mech bessen gelangweilt ;D
Mee iergentwéi wierkt d'Bild op mech bessen eidel, wees awer net waat ech nach beisetzen kann. Kann ee vun eech mer hellefen? :)

Wéinst denen ongewéinlech héigen Temperaturen déi mer grad hei hun haat di heiten Blumm och well puer Schéinheetsfeeler (brong Flecken an kleng Lächer), 't war awer déi best déi ech dobaussen fannen konnt an hun duerno am Photoshop nach puer Korrekturen gemaa...
-Laurent- 22.07.2006 - 21:23
ganz flott idie ech haett nemmen dei foto ennen lenks an dei uewen riets ausgetosch dann giff een do mol net no dem ursprong vun den fangeren sichen an daat eenzelt weisst dingsda giff aus dem bild weisen waat emmer gudd micht cool

naja ass awer eng ganz flott kompositioun
hutt oof
Minaa 22.07.2006 - 22:03
Hmm jo, daat stemmt mam "deem eenzelnen waissen Dingsda" closed_eye Wann deen uewen riets wier wier et wierklech besser, géing méi "harmonesch" ausgesinn ... Haat dodrop net opgepasst, fir mech haat d'Reihenfolg och sou eng gewessen Logik.

Merci smile
Mojoo 22.07.2006 - 21:29
Sau cool, wiirklech!

Eidel, hm, elo direkt fehlt mir näicht am Bild, mee vielleicht kanns de d'Fotoen an eng aaner Kompositioun setzen, z.B an eng horizontal Linn (Link2.

Obwuel mer dess Kompositioun schon gefällt, mee vielleicht ass d'Foto an der Mëtt ze kleng.

Ech gin dem Laurent Recht dass d'Reihenfolg vun den Fotoen net ideal ass, d'Reihenfolg ass net immens logesch obgebaut.

Dei eenzel Fotoen gefaalen mer alleguerten ganz gudd !! Weieen Hannergrond hues du dofir benotzt?
Minaa 22.07.2006 - 22:11
Merci! smile

Jo, wéi ech d'Fotoen ufanks gemaa hun haat ech et och sou geduecht fir se an eng horizontaler Linn ze maachen, wéi ech se awer dun bis am Photoshop haat hun ech daat awer bessen ze einfach fond an daat heiten mol ausprobéiert - an well daat mer schlussendlech awer besser gefall huet an ech och eng hallef Éiwegkeet dobäi souz bis ech et endlech sou haat hun ech et dun och sou geloss cool

Waat d'Reihenfolg ugeet hun ech zwar éierlech gesoot geduercht daat déi heiten awer bal déi logeschst wier - am "Uhrzeigersinn" ... mee daat schéngt jo dann awer net de Fall ze sin closed_eye

Den Hannergrond ass einfach meng Tapéit an der Kummer (meng Kummer ass awer net sou däischter, déi ass giel, mee ech hun d'Fotoen ennerm Fensterbried gemaa wou et grad bessen méi däischter war sou daat d'Blumm vun der Luucht vu baussen beliicht gouf an d'Tapéit donkel war well do net souvill Luucht hinkomm ass).
Lali 22.07.2006 - 21:40
oh mai di ass richteg löif...a gudd gemaa... an compositioun gefaellt ma... an di eenzel biller och! smile))
Minaa 22.07.2006 - 22:12
Merci! smile
klengtfierkel 22.07.2006 - 21:43
ass léif smile)

hm, menger meenung no mengt en d'ass eps feelt, well et suvil schwarz as =//
fanen d'idee awer megaaa léif smile
hm, waat feelt... éierlech gesod ech wess et net =/
as egal, ass schéin ((:

P.S. er liebt dich doch smile
Minaa 22.07.2006 - 22:14
Merci smile

Jo do hues de warscheinlech recht, 't gouf jo lo och well gesoot daat déi Foto an der Mett vläit einfach ze kléng ass (waat mat sech bréngt daat zevill schwaarz rondrem ass) an et dowéinst bessen eidel wierkt smile

P.S. I hope so smile
tinchen 22.07.2006 - 21:58
erem eng schéin foto vun dier...
d'bild as evektiv ebessen eidel...
ech giff et esou maan:
d'foto an da mett méi grouss(an do d'rumm eweg maan)...
esou dass déi aener fotoen(mat der rumm)driwwer sin..
an wéi gesoht dréienfolg méi logesch maan...
Minaa 22.07.2006 - 22:20
Jo, d'Foto an der Mett méi grouss wier besser, mee ech mengen et gesäit awer besser aus wann ech di wäiss Rumm do och loossen well d'Foto selwer soss net richteg vum Schwaarzen getrennt wier an daat Ganzt dann e komeschen Iwwergang hätt well d'Foto selwer jo och well sou däischter ass ... mee bon, probéieren einfach mol aus waat am besten ausgeseit.

Daat mat der Reihenfolg -> Äntwert op dem Mojoo sein Kommentar.

Merci smile
MarcGerard 22.07.2006 - 22:01

gefällt mer immens gudd!!! smile

Minaa 22.07.2006 - 22:20
Dankeschön smile
everyday 22.07.2006 - 22:42
mir gefällt se ganz gudd. ech fannen et guer net schlemm dass d blumm puer flecken huet. dat gesait mi natiirlech an net sou perfekt aus. wann een dat bild am ikea (oder soss anzwousch, as jo egal xD) geng ze kaafen kréien, geng ech mer et mathuelen ;D
Minaa 22.07.2006 - 22:49
Wow bigsmile Merci, freet mech smile)
Johny 22.07.2006 - 23:59
Ech muss och soen fannen des Zesummesetzung guer net su schlecht. Idee an Emsetzung sin gudd! Gudd gemaach Mandy smile
Minaa 23.07.2006 - 00:00
Merci smile
JADE 23.07.2006 - 04:31
Tjoooo ....... wisou wierkt se eidel?? Waat feelt hei?? .... ass deng Fro, Minaa

Ech wees ët och nët ....... ech fannen ët eng duerchäus ganz originell duergestaltent Idee. Also ...? ... ? ... ? ...

Hmmmm ....... z.B. ënnert den ieweschten Biller e puer vun deenen "gezupften" Bléiblieder (ech mengen esou nennt een déi "wäiss Dingsda" ..... closed_eye) .... hun awer och laang gebraucht fir d'Wuert ze fannen ... smile))))))) ....) an den Hannergrond "faalen" loossen ....... géing sëcherlech méi Beweegung dran bréngen ... an och villäicht vum Zentrumsbild oflenken

an dann géing ech mir och déi nächste Kéier ..... d'Margréitchen esou eräussichen (d'Bléiblieder onbedéngt virdrun zielen!!!!) ............. dass ët opgeet mat "IL M'AIAIAIAIAIAIAIMMMMMMMMMEEEEEEEEEEE" !!!!!!!

............. closed_eye)))))) ................
Mojoo 23.07.2006 - 11:51
E puer deer Bléiblierder am Bild faalen ze loosen ass eng grandios Idee!

Probéier daat eemol aus Mandy.. ech giff mat der wetten wann een dat propper mecht, dass dat dono genial ausgesäit!! Alt erem eng gudd Idee JADE!
JADE 23.07.2006 - 13:54
...... closed_eye ....... 's léif ......
Minaa 25.07.2006 - 22:10
Jo déi Iddie mat den eenzelnen Bléiblieder haat ech och well, ech hun se awer net an d'Foto faalen geloss mee einfach eng Foto gemaa wou déi ganz "geplemmten" Blumm (lol) do leit mat denen wäissen Dingsda'en dernierwt ... huet amfong och ganz gudd ausgesinn, huet just eben net bei des Biller gepasst well ech eng aaneren Hanner-/Ennergrond haat. Probéieren et dann och mol nach eng Kéier andems ech se einfach faalen loossen - wann ech mech demnächst rem eng Kéier langweilen, hun am Moment net wierklech vill Zäit fir mech domat ze amüséieren unhappy An leider ass et och well bal onméiglech fir dobaussen nach eng schéin Blimmchen ze fannen, alles verdreschent ... mol kucken wéi ech daat maan.

Merci smile
sanitel 23.07.2006 - 11:57
also ech fannen d'foto ganz gudd gemaach!
wann daat fir dech eng arbescht aus langwiel war kennsde daat roueg wiederhuelen!

weisdu ugesprach hues, dass d'blumm net su immens perfekt wier, daat keint een jo wann sde wells nachemol nohuelen, mee dess blumm do as amfong jo schon nidd shclecht
geif et sugue rbesserfannen wannsde dess blumm hälls, well wann een esou d'bleien roofzitt, as een och oft weins der leift depressiv an traureg, vun dohier as et amfong ganz ok wann d'blumm e puer ,,fehler'' opweise kannsmile

bon, top foto fir mechclosed_eye
Minaa 25.07.2006 - 22:13
Wäert et och widderhuelen, wann ech nach eng Blumm dobaussen fannen déi net verdreschent ass closed_eye
Des Blumm wäert ech wuel nemi huelen, éischtens mol hun ech déi iwwerhaapt nemi an zweetens wier déi jo eh well ganz "geplemmt" smile
Waat daat mam Depressiv- an Traureg-sin ungeet sin ech awer net ganz denger Meenung, ech wollt d'Foto net an daat Negativt zéihen, daat hei kann ee grad sougudd maachen wann ee fresch verléiwt ass (an daat heescht jo net onbedéngt onglécklech verléiwt) closed_eye Dofir, sou wéi lo kann een et als positiv oder och als negativ interpretéieren, géing ech mol mengen ...

Merci smile
THE-BAUER 14.09.2006 - 13:10
wow gesin foto elo erreicht, fannen se genial, schein zesummengebastelt
Minaa 14.09.2006 - 20:04
merci
Annick 15.06.2007 - 19:29
Wierklech schéin!
Minaa 18.06.2007 - 18:52
Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 543 Gäscht online