flott, häss de mer gesoot dats de an t'Staat gees, ech wor gescht den Owend bis 20.00 ënnerwee Fotoen machen duerch t'Staat !
Sollen mer eng Keier en Fotowalk machen ? also am klengen Krees ?
Also dei Foueraktioun woer esou spontan, woer esouguer selwer iwwerascht....
Fotowalk ? secher daat... Muss nech checken ewei dei nei Tr9 horairen am karate sinn, dann gsinn ech doo kee Problem.
Merci Paul, ass awer weis Du geschriwwen hues, ganz ann guer net einfach. Eng vunn ca 20 dei eppes ginn ass. Rescht iwwerbeliicht, ze kleng, ze grous etc,etc. Awer Plaatz op da rouder Breck ass Top, just eng haleff Stonn virdrunn doo sinn fier eng Plaatz bei der Cloture ze kreien.
Kennen daat dooten och. War geschter op Maacher d'Feierwierk vum Wäinfest knipsen an do sen der och méi derlaanscht gaang wéi ech duecht. Mäin Feeler war och dass ech schlecht stung, obwuel mettes dohinner war an genau wosst wou et géif oofgeschoss gin....