Ech traue mer einfach elo emol ze soen, déi Doten fannen ech richteg gutt, well Aen an Hoer hu mer jo bal all, mee se esou eriwwrer ze brengen, do muss en drop kommen.
Ganz flott! D'Kompositioun ass och ganz gelongen well d'Hoer den Bleck vum Aan bei de Mond féieren. An der Bea keint een d'Aan vlaicht en Tick méi rausschaffen/méi präsent machen.
Wat mengs de mat Aan méi rausschaffen? Méi hell well ech se net maachen well et dann ausgesäit wéi wann se blo wieren, wat net den Fall ass, an mat méi Kontrast passen se net méi an den Rescht vum Bild.
Esou genau wees ech et och net . Mee ech fannen dass d'Hoer riets, doduerch dass se sou scharf sin, e bessen d'Opmierksamkeet vum Aan oflenken. Vlaicht kéint een eng Onschärft iwert d'Hoer leeen fir déi manner präsent ze machen oder dat Waisst vum Aan an den Reflet am Aan licht méi hell machen lokalen Kontrast.
Mond an Aen sin op gläicher Héicht a schaarf, d'Nues, déi awer dominant am Gesiicht ass, ass schwammég.
Bei Blend 3,5 oder esouguer 4 z.B. wär d'Resultat wahrscheinlech nach ëmmer an déngem Sënn (ech hun dat elo mol mat Vergläichsfotoen, allerdéngs vun Orchideen probéiert, ech hat kee Model bäi Hand ), also ouni datt et zevill der' Déift an Dynamik' geschued hätt...
Hues de nët zoufälleg dat probéiert, et wär intressant de Verglach ze gesin.
Hei si just riets d'Hoer schaarf, eng zimmlech verzunn onschaarf Nues, an e Mond deen net gefällt, duerch d'Aan laafen d'Hoer, alles zevill verzunn a kee richtege Focus deen de Bléck op sech zéit
sorry, perséinlech gefällt dat mir net, d'Idi ass gudd, mee d'Schärft läit fir mech falsch
Säit wéini soll eng Nues an engem Portrait schäerf sinn????
Wat ech der hei gutt halen ass dat den Fokus net 100% läit, hätt en hallwen cm wäit no vir missten sinn. Mee wanns de sou Fotoen mëss ass et eng Saach vun Chance op all Detail 100% richteg gëtt (kënnt ni vir). Wat awer vill méi wichteg ass, ass dat den Moment stëmmt. D'Hoer sinn hei genau sou duerch d'gesiicht geflunn wéi ech dat gäeren gehat hätt, virun den Aan, virum Mond, virum ganzen Gesiicht ouni awer eppes ze verdecken. Da ginn ech gäeren den Kompromëss mat der Schäerft an.