HOOSA Doo ass een jo, den Subi. Beis Reis-Schossel
Dei 2. ass main absoluten Favorit, perfekt.
Dei 1. ass flott cadreiert ann quitschfarwech (Teletubbie)
Bei der 3. gefällt mier perseinlech nöt den Softfilter, ass jo eng Muckibudd, ann esou soll daat Dengen och ausgesinn.
Merci Teletubbie
Bei der 2. hat ech Chance dass et den Dag virdrun gereent hat an de Pull nach do stoung.Bei der 1. kéint ech d'Wiss e bëssen désaturéieren. A bei der 3. woll ech mam Softfilter déi douce Säit vum Auto weisen. En ass och flott fir ze cruisen
Mega Deng Fotoen, wanns de nach eng Kéier esou e Model brauchs, ech hun den Doten (GT 86) am wäissen, just feelt mer de gudde Fotograf. Ass dat Däin ? E geet net bommeg, mee Du sess et, Spassfaktor garantéiert. Et kennt bestemmt en mat Compressor oder Turbo an nächster Zäit a mat engem richtegen Subaru Sound.
Merci gesoot. De Subaru Verkeefer sot mär de GT86 wier d'Copie
Ech wier Interesséiert fir déi 2 och eng kéier niewent eneen ze knippsen. Den Allrad Dewel zu Treier huet mär gesoot dass hien e Projet en vue huet fir e Kompressor drop ze bauen. Fir mech ginn déi 200 Cavalloen zwar masseg duer .
Nee et ass keng Copie, se hun en zesummen entwéckelt, déi meeschten Deeler sin vu Subaru, et soll e Mammenhaus sin. So mir Bescheed, wanns De se wells zesummen knipsen
Merci merci. Déi 3. ass esou ginn wéinst dem Softblur deen ech driwwer geluet hunn. Woll déi douce Säit vum Auto weisen. Mais bon " Das war wohl ein Satz mit X"