Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

*The wheelchair*

 
*The wheelchair*
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.04.2013
  • Gekuckt:
    23759
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1018x1150
  • Späicherplaz:
    619 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Digital Art »» Objeten & Still Life
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71947]
Kommentar vum Fotograf:
Op deser Foto hun ech en Rollstull an daat originaalt Bild gerendert matt enger 3D Software.
Zora 21.04.2013 - 13:08
dann man ech PG ob, fir eng Foto erop ze lueden, an gesin deen Rollstull, ass eben elo Zoufall, fannen dein Montage ganz gelongen, cool!!
Jacques 22.04.2013 - 11:54
Merci Zorasmile
suraki 21.04.2013 - 13:11
wow, ... flott a propper Aarbecht !
Jacques 22.04.2013 - 11:55
Hun mech och lang domatt amuséiertclosed_eye
Merci surakismile
Jean-Jos 21.04.2013 - 13:19
Haut ass Rollstulldaag closed_eye
Ganz flott Jacques an zwar ass méi Grënn: nët nëmme flott an d'Bild gesaat, mee och gutt Luucht an eng intressant Spannung tëscht Stull an den ofgehangene Biller riets (de Réck vum Rollstull huet eppes ewéi e Kader vun engem Bild, ass vläicht wäit hiir geholl, an awer mir esoiu an d'Aen gesprongen).
Eenzég kleng bémol'en fir mech: ënne ze enk um Rollstull an d'Faarwen, déi fir mech liicht ze düster eriwwer kommen, awer dat ass adg, et ass jo eng urbex-Foto bigsmile
Jacques 22.04.2013 - 11:58
Merci fir déin Komentar Jean-Jossmile
Et ass en ganz aalen Rollstull an do hun ech mer geduecht deen géif gudd an dess Foto eranpassen och farwlech gesin.
Du hues recht, ennen ass et e bessen ze eng mee do haat ech leider keen Spillraum méi.
Wollt se gären e bessen méi düster loossenclosed_eye
Richie 21.04.2013 - 13:42
Wonnerbar Jacques Kompliment
Jacques 22.04.2013 - 11:58
Merci Richiesmile
Aiello 21.04.2013 - 16:05
Gefällt mer richteg gut, eventuell eng Grimmel ze kurtz beschnidden ennen..

Ass den nodreitlech dran gesat gin? geseid aus wei en 3d model
Jacques 22.04.2013 - 12:00
Merci Aiellosmile
Effektiv ass se ennen e bessen ze eng, ech haat leider keen Spillraum méi.
Den Stull ass en 3D- Model an hun en nodréijlech an déi original Foto gesaat waat net esou einfach woarsmile
Aiello 22.04.2013 - 13:52
ah hunech also gut gesinn, soss hätt ech mein Beruf aus 3D Designer verfehlt smile
marker 21.04.2013 - 17:27
..propper gemach Jacques, net onbedingt meng Fotographie, mais déi doten gefällt mir richteg gutt esou..!!
Jacques 22.04.2013 - 12:00
Merci marker,daat freet mechsmile
jorsch 22.04.2013 - 19:46
Si beandrockt vun der Aarbecht, gesäit gutt aus!
Jacques 24.04.2013 - 16:54
Merci Jorschsmile
Conley 22.04.2013 - 20:41
Et mengt een deen misst do stoen ganz gutt an propper geschafft Jacques!!
Jacques 24.04.2013 - 15:34
2x en decken Merci Conleysmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 304 Gäscht online