Hues du mech gefrot ob s de déi Foto verëffentlechen dierfs?
Déi läscht ass cool, gesäit richteg komesch aus sou mat nëmmen engem hallwen Kierper.
Bei der 2ter hues de eng flott Beliichtung mat deem rouden Spot am Hg.
Bei deenen 3 leschten hues de vill Rauschen am Hg, hu geduecht mat den décken Spillsaachen géif dat besser ginn?
1,2 a 4 gefale mir richtég gutt. Flott Serie Schluck.
Bei der 3. ass Metalbambi drop, ass also och gutt
Déi 5 ass cool awer do hues de zevill erausgeholl am Gesiicht, si rauscht ze staark, ech denken am groussen ass déi nët esou staark dodurech.
Merci JeanJos .. ech hunn beid der läschter eng Mask iwwert Gesiicht gesaat fir nët zevill Détail duerch d'Entrauschen ze verléieren .. déi misst ech nach eng kéier néi verschaffen .. am klengen woar dat net obgefall
Also du häss jo trotzdem gär Kritik, och wann een deng Fotoë scho genial fënnt
1: Hei stéiert definitiv fir lénks den Objet, si mer awer bewosst dass dat Saachen an sou Situatioune sinn déi een net kontrolléire kann. Ënnen riets ass - 5px héich iergendeppes roudes wat stéiert?
2: Top, bal näischt ze meckeren, ausser dass och hei riets (dës Kéier uewen) puer rout pixele sinn déi stéieren?
3: Hei fannen ech et net gutt dass d'Linn ënnen vun der Bühn sou no um Bor vun der foto ass, an awer ass se net parallel. Och uewen bei den Träger gesäit een dëst.
4: E bëssen zevill Schlagzeug am Wee fannen ech
5: Hei weess ech näischt ze meckeren, fannen dass uewen riets d'Kabelen an d'Këscht dra passen well se der Foto eng flott Déift ginn.
Alles an allem fannen ech d'Fotoen trotzdem top an dat meescht vun dem wat ech sot ass extrem pingeleg kommentéiert
Richteg Johny .. ech ginn der an ball allen Punkten recht ausser bei der 4. wëll dorunn kann ech näicht änneren.
Ech fänken un ee bëssen Noléisseg ze ginn déi Saach mat den rouden Punkten wier mer an der Zäit, wou héi d'Biller nach am Détail gekuckt ginn sinn nët firkomm. Ech wert lo dës Serie nët verbesseren mais ech fannen ët awer gudd dass de ee bëssen méi genau gekuckt hues.
Ech weess natierlech dass de bei 4 näischt änneren kanns, ass ëmmer blöd sou Situatiounen
Dat mat de roude Flecken fällt hei halt vill op well et an Beräicher ass déi eng ganz aner Faarw hun an relativ glaichméisseg sinn. Se géife wuel net opfalen wann d'ganz Foto optesch méi nervös opgebaut wir