Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

am Mäerchenbësch ...

 
All Fotoen an dëser Serie:
18367 Thumbnail
18368 Thumbnail
18369 Thumbnail
am Mäerchenbësch ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.06.2011
  • Gekuckt:
    15449
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
    26.06.2011
  • Fotoapparat:
    wéen intresséiert et ;)
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56976]
Kommentar vum Fotograf:
... geeschtermëtteg zu Rodemack
(hunn elo mol déi zwou d'original Dateien matgewisen, fléicht interesséiert et een ?)
OK-Photography 27.06.2011 - 21:27
Fir mech stecht dain Motiv an der Kompositioun net mei genuch erfier! closed_eye
den Filtrage as immens daischter gin, an den Hannergrond as voll mat Detailer...wanns de eventuell bessi blurren giffs, an dFee mat der Hellegkeet/Kontrast nees giffs erfierbrengen, giff se mer warscheinlech nach besser gefaalen.

as awer eng immes iddi! GEFELLT mer! closed_eye
suraki 27.06.2011 - 21:42
merci vir de Verbesserungsvirschlag Olli, ech hunn eemol e bëssen dru gebastelt, d'Joffer méi erausgeholl an d' Detailer méi douce gemaach ... et ass mer awer wichteg dat se nach dra sinn a net erausgefuerdert ginn, düster sollt et bleiwen.
Esou mengen ech ass et eng Grëtz besser , thx smile
OK-Photography 27.06.2011 - 22:02
oki closed_eye
virunallem dBeem sen lo manner "dominant" - as direkt besser closed_eye
suraki 27.06.2011 - 22:11
merci fir den Tipp, wann en méi laang un esou engem Bild wurschtelt huet gesäit en dat net méi.
an dofir ass et och daachs besser d'Bild dann no engem Daach oder eréischt no e puer Stonnen nach emol ze kucken.
Zora 27.06.2011 - 21:35
Flott och mol eng Kéier den Making Off ze gesin, mär gefällt se super, onheemlech, düster an mysteschclosed_eye
suraki 27.06.2011 - 21:47
merci Zora,
wollt einfach emol erëm, den ganze Buttek vun engem Bild weisen,
ewéi een fuddele kann. Hat dat schon e puer mol gemaach an d'ass
fléit fir den een oder aneren Ufänger interessant ?
JADE 27.06.2011 - 21:49
also mir gefällt se och super
ech fannen daat graad gutt, dass d'Fee (?) nët erausstëcht, mee dass een se e bessi sicht, dass d'pupill e bessi focuséieren muss, esou wéi daat och am Bësch/an den Dreem/an den Illusiounen ass smile

soss muss ech soen sin ech begeeschtert waats du aus den originals machen kanns
ech wees och nët op ët vill Aarbecht ass oder vill Kenntnisser brauch, daat ass och egal, well d'Resultat ass richteg gutt

errënnert mech och bessi un déi Filmer aus der Stummzäit

ech melden mech dann fir den 1. Cours un smile
suraki 27.06.2011 - 21:59
merci fir deng Analyse Jade smile)
den Olli hat awer Rescht, hunn de no sengem schon e bësse geännert,
se war wierklech an de Beem ze schaarf an ze vill Detailräich.
.. ah jo, du bass ugeholl closed_eye
JADE 27.06.2011 - 22:02
jo, esou Detailler gesin meng Aan nët méi smile

wéi? ass se gewiesselt gin? wou ass déi aal?
suraki 27.06.2011 - 22:13
an enger Serie geséit en déi al Versioun net méi,
ech hunn allefalls och keng al méi fonnt.
JADE 27.06.2011 - 22:35
ah ok, woust ech emol nët ...
ech wees dann och elo nët op ech déi 1. kommentéiert hun oder schon déi 2. smile

op jidferfall passt mâin Comment vun virdrun op déi dooten (och) smile
suraki 27.06.2011 - 22:39
du hues scho richteg an elo bei de aktueller Versioun kommentéiert,
ech war dës Kéier relativ schnell mam änneren closed_eye
Zampano 27.06.2011 - 22:01
wow, fantastisch. Ich habe da leider keine so Künstlerische Ambitionen...
suraki 27.06.2011 - 22:15
was heißt hier Ambitionen Andy, hatte kein gutes Bild mehr
zu bearbeiten, .... war also nur aus der Not heraus bigsmile
gogo 27.06.2011 - 23:09
Super Aarbescht, immens flott ze gesin waats de aus desen 2 Biller näi kréiert hues. TOP!
suraki 28.06.2011 - 19:06
merci gogo smile
Jeanny 28.06.2011 - 16:29
wonnerbar verschafft Edy,
war Buergfest gëschter zu Rodemack?
suraki 28.06.2011 - 19:09
jo Jeanny, ech sinn eréischt um 17h higefuer, .... hat net méi drunner geduecht.
A gut dat am Sidecar Benzin dra war heehe .... dat huet mer dräi km lafen erspuert closed_eye
Jeanny 29.06.2011 - 06:44
hunn Plakat gelies awer den Datum net matkritt, verpasstunhappy ma da bis nächst Joersmile
lafen hält fit Edy, awer mat der Benzinskan am Grapp......dat wier eng sténkeg Affaire ginn.closed_eye
suraki 29.06.2011 - 12:20
smile
Jean-Jos 28.06.2011 - 23:03
Ganz verdreemt... gutt gemacht dat doten.
suraki 29.06.2011 - 12:20
en decke merci vu mir closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 501 Gäscht online