Flott, mä wann s de d'Fotoen als Serie eropgelueden häss hätt ech et méi einfach eng konstruktiv Kritik ofzeginn. Da gesinn ech wat Zoufall a wat gewollt ass. D'Fotoen passen jo och wonnerbar beieneen.
rout Hoer, blo Aan, grengt Moos ... Faarwen & Stemmung sin hei super, get deem ganzen e bessen eppes geheimnisvolles
(een klengen "Scheinheetsfehler" wann ech daat emol esou nennen därf : d'Haltung vum Wilhelmina sengen Hänn - op baal alle Fotoen - gefällt mer guer net)
majo dann versich emol selwer deng lenk Hand, z.B. op enger Deschkant, esou nozestellen wei hei op der Photo ... et ass eng onnatiirlech an verkrampften Haltung
wei soll ech daat erklären, et hält seng Hänn ganz oft wéi eng Kaatz um Sprong, oder wéi wann et der all Moment d'Aan auskraatze wéilt mee dofier fehlen awer d'Krallen (oder dei laang Neel)
seng Hänn fokusséieren vill ze vill, ouni awer an iergendenger Weis "interessant" ze sin
oh je ob iergendeen hei wuel verstaanen huet waat ech mengen ??
ech gesi wats de mengs, as wahrscheinlech vum W gewollt, wéi kann eng Elf soss hannert engem Baam erausklammen, ouni sech festzekrallen?
Mir haten während dem Shoot doriwer geschwat, an hat huet wuel nach aner Handhaltungen gewisen, hei as d'Elf rem mat him duerchgang