Eigentlech wollt ech gëschter owend nach Blëtzer fotografieren, ma ech sen mol an eng deck Schauer komm, mee vun Blëtzer war naischt mei ze gesin. Also hun ech den Sonnenennergang an den Donst deen opkomm ass, fotografiert.
Dei eischt 2 Fotoen sen HDRs vun Kaundref, hun bei der 1. mei douce Faarwtéin agesat, schons baal Schwarz-weiß, den 2. ass dann typesch HDR. ;-)
Dei aaner sen e puer Panoramen, den 1. vun Kaundref, den 2. an 3. vun Eschduerf aus roof ob den Naturpark. Beim 1. war den Niwwel nach am Dall, beim 2. Panorama ass en grad rop bei mech komm.
An wei ëmmer kann een sech d'Panoramen och hei am mei groussen ukucken:
http://www.erics.lu/pano