Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Et ass Fréijor.

 
Et ass Fréijor.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.03.2011
  • Gekuckt:
    13147
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x667
  • Späicherplaz:
    291 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon100mm
Kategorie: Natur »» Blummen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54095]
Kommentar vum Fotograf:
Den Himmel ass blo
An all Vullen déi sangen
Vu fären an no
Kommt, an t'Fréjôhr mir sprangen.

De Rucksäck gespekkt
An hieft guer keng Bângen
Eng Blimmchen gepléckt
An dann an t'Welt nëmme gângen.

Loost t'Suergen dohém
Di Dag oder Nuecht iech soll bréngen
Op t'Feld, ënner t'Bém
Lost t'Sonn iech an t'Héerz émol schéngen.

Hiewt t'Héerz voller Sonn.
Mir wöllen e Bond och da schléissen.
Matt engem Liddchen am Monn
T'Allmacht vum Härgott begréissen.

Albert Regenwetter 14.2. 1946
Richie 26.03.2011 - 12:06
Regenwetter ? Gutt dass bei där d'Sonn geschéngt huet!
Flott Collage
Jeanny 26.03.2011 - 18:50
smile merci gesot Richie
Blimchen 26.03.2011 - 12:21
eng flott Idee, mee wat ech schued fannen ass, dass de 2 mol déi selwecht Fotoen geholl hues an se eben just anneschters beschnidden.
Ech fannen et emmer mei schéin an enger Collage wann ganz verschidden Motiver (Blummen hei an dem Fall) ze gesinn sinn.

Jeanny 26.03.2011 - 18:49
jo Blimchen gesinn zweemol bal selwecht aus, sinn awer 2 Fotoen, am eenzelen fëllt et mäi ob, de Schäerfeverlaf ass e bësschen anescht,
villmools merci
Blimchen 26.03.2011 - 18:52
oh okay. dann muss ech nach e mol mei genau kucken. smile
sylvie 26.03.2011 - 12:46
Eng flott Fotomontage, gefällt mer gudd smile
Jeanny 26.03.2011 - 18:50
merci Sylvie
Zora 26.03.2011 - 13:20
Flott Fotomontage, flott Gedicht, also perfekt closed_eye
Jeanny 26.03.2011 - 18:51
perfekt bestëmmt net Zora smile awer merci gesot
Zora 26.03.2011 - 18:52
Fir mech schon Jeannyclosed_eye
He-Lx 26.03.2011 - 13:56
Flott deng Vailercher. Ech hunse och léiwer am Bësch wéi um A closed_eye
Jeanny 26.03.2011 - 18:53
ech weess net wei déi um Ae richen Hengsmile hat nach keng do, de am Bësch riche mol ganz guttbigsmile
gtaddei1 26.03.2011 - 17:11
Nés e flotten témoignage vun der Scheinhét vun der Natur
Jeanny 26.03.2011 - 18:55
jo, si ass schéin Gennaro, an am Fréijoer genéisst een se nach mäi,
NikonD80 26.03.2011 - 20:02
super Aarbecht, Jeanny, gefält mir
Jeanny 27.03.2011 - 08:28
merci Guy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 603 Gäscht online