merci Dir 2 Ben's, jo et ass de Wahnsinn fir Fotoen, ech si mat 4000 Biller heemkomm,
Beem gin et awer e puer, zu Reykjavic hun vill Leit een an hirem Gaart an am Osten gëtt et souguer e Bësch
An d'Wieder: d'Islänner soen in Iceland we have no weather, we have only parts of it. Du hues also all Dag Sonn a Reen
ech sëtzen dann lo mol e Bild eran mat Sonn a Beem )
Gut ze wëssen.
Island kennen ech just den Flughafen well ech eng Kéier do Teschenstopp fier an d'USA gemaach haat.
Ech haat an engm Buch gelies, d'Wikinger hätten an der Zeit baal all Bëscher offgeholzt fier Schëffer ze bauen.
Hmm jo de Flughafen zu Keflavic läit wierklech matten an enger Moundlandschaft, do gëtt et nëmmen Lava
ah, dat mat de Wikinger wousst ech nach nët, merci