Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

März 1995

 
März 1995
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.04.2010
  • Gekuckt:
    20274
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    40
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x531
  • Späicherplaz:
    212 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Yashica T4
  • Programm:
  • Objektiv:
    Zeiss Tessar T* f3.5/35mm
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:
Fuji Neopan 1600PR

Fir anzesetzen: [pg_img=44342]
Kommentar vum Fotograf:
Schéi geflackt haat déen Owend...
MarcGerard 08.04.2010 - 10:32

dat keeft der keen of smile
ploro 08.04.2010 - 10:36
verstinn ech net ? tongue
MarcGerard 08.04.2010 - 10:57

ech gleewen déi foto net smile
alles fake ménger meenung no smile
awer intressant ... si gespant wat den jaycee dozou seet wat alles gephotoshopped as a wat echt as ...
Jaycee 08.04.2010 - 11:40
Maggele, du bas mir awer vläicht e Skeptiker...closed_eye Et ass wiirklech just é Scan vum Negativ, an daat eenzëgt gephotoshopped hei sin d'Upassung vun de Kontraster... seriö!

Wanns d'ët nach ëmmer nët gleews, invitéieren ech dech eng Kéier bis laanscht ze kommen, é Patt ze drënken an den original Negativ ze inspizéieren...

Als Géigeléschtung schreiws de dann hei op PG éen Exposé, wéi ët méiglech ass dass é gestaanenen Berufsfotograf (du) é vu virun 15 Joer mat enger Ritschratsch gemaatenen Schnappschoss als Fake kann identifizéieren... closed_eye
JADE 08.04.2010 - 11:45
do! elo haat ech ze lang geschriwen ...
MarcGerard 08.04.2010 - 12:02

ok, also dat loossen ech net op mer setzen.

déi sach mam patt: do sin ech direkt dobäi, egal aus wéiengem grond smile

awer ech well mech elo awer verteidegen smile :
de schnéi läit jo do, also as en net onbedéngt fake. a schnéi get et jo och, also virwat soll et fake sin? majo, well ech déng kontrast-"verbesserung" net gudd fannen an gehofft hun dass de falsche schnéi einfach besser gefaked hues bigsmile
huet mech neemlech op den éischte bléck un déi genial max-payne-biller erennert
http://2.bp.blogspot.com/_kYSTM3xWI8s/SR8PWAwEj8I/AAAAAAAAEwU/Cc4MhlLsngs/s400/Max_Payne_poster.jpg

mee ech behapte mech elo vir dee patt ze verdéngen ;D
Jaycee 08.04.2010 - 21:29
déi gesäit effektiv iergendwéi ähnlech aus, mäi Schnéi ass just méi natiirlech well ët jo och richtege Schnéi ass an d'Flacken och... de Blëtz spillt do sëcher och nach eng Roll...

Also, arrangéier dech mat der Madame Jade, schreiw mer eng PM wéini dass de eng Kéier hei am Duerf bass an da kommt der op e Patt an analyséiert zu zwee den Originalnegativ... (ech hun och eng gutt Schneider Lup).
JADE 08.04.2010 - 11:44
Taatsach ... elo wous du et sees ...

eng riesen Aarbecht, bestëmmt!! ...
ech hun iwerall gekuckt, et ass zimmlech iwerall glaubwürdeg, bis op deenSchnéi um Objektiv ... aaaaawer méi flagrant ass, dass deen viichten Pneu vum BMW keng Sträif am Schnéi gelooss huet an op der Strooss sin och keng Sträifen an den Capot vum Auto huet keen Schnéi

also ech war erangefall smile ... esou schnell geet daat (bei mir!) bigsmile
Jaycee 08.04.2010 - 11:56
Also my dear Jade, du misst mech eigentlech genuch kennen fiir ze wëssen, dass ech mer:
1. nie fräiwelleg eng riesen Aarbecht maachen
2. nët gudd genuch am PS sin fiir esou Tricken...

Komm einfach mam Maggele an dan inspizéiert dir den Negativ zu zwee... an duerno hëllefs du him beim Exposé... closed_eye
JADE 08.04.2010 - 12:28
Patt, jo
Exposé, manner

smile

villäicht ass et awer net esouvill Aarbecht closed_eye
Jaycee 08.04.2010 - 21:31
bon, den Exposé schenken ech iech dann...
K-The-Killer 08.04.2010 - 11:54
Also ech gesinn do ganz wuel éng Straif am Schnéi vum Pneu hannen lénks an fier lénks smile An d'Froo wisou keen Schnéi um Capeau lait , ass well den Chauffeur vum Auto flait erréicht unkomm ass, an den Capeau an deem Fall nach waarm ass, an den Schnéi schmelzt, an doduerch lait och keen drop , well recht vill lait och nach net op der Strooss. An wéi een gesait hun déi aaner Autoen och Schnéi drop , an den BMW och um Daag an op der Malle closed_eye Also ménger Meenung noo Realistech , wisou den Schnéi sou hell ass fier (d'ass den Effekt duerch den Blëtz) An gleewen ganz gaer dass ech et 1995 am März geschnéit huet.
Jaycee 08.04.2010 - 12:04
Eng gudd Analys, déi och den Tatsaachen entsprëcht... ech war effektiv den Daag graad do ukomm an d'gesäit éen och nach meng Foussspuren déi zur Hausdier féieren vu wou aus ech d'Foto gemaach hun, en attendant dass é mer Dier opmëcht... closed_eye
JADE 08.04.2010 - 12:26
hmmm, ech bleiwen zwar elo weider stützeg, zemols wéinst deem viichten Pneu --> deem seng Spuren missten jo bis bei deen hënneschten Pneu ze gesin sin ...

daat mam Capot kann ech nach novollzéien

meeeeee, am März 1995, huet et zu Esch schéin riicht eran gesonnt, well do hun ech mäin éischt Appartement gelount an do war et zevill schéin eben grad wéinst den vollen Sonnenstrahlen déi riicht eran geschéngt hun smile
ech wees net wou dest hei ass, awer L ass net esou grouss, Mikroklima hin oder hier, dass esoueen Ënnerscheed ass smile

mee, bon ... effektiv wier et vill Aarbecht, deemno fir ween
Jaycee 08.04.2010 - 21:49
stell der emol d'Siituation esou viir... Ech kommen elo do an déi Parkbucht gedüst... Déi eenzeg Méglechkeet fiir daat mat engem Ruck ze maachen ass déelweis iwert den Trottoire. Wanns de gutt kucks, gesäis de dass daat hënnescht Rad iwer Trottoireskant gerullt ass. Bei enger Kurv stëmmt de Radius vum viichte Rad nët mam Radius vum hënneschte Rad iwerëneen. Daat viicht Rad ass iwert de Borduresstéen gerullt iër ët hannert der Maierchen erëm an d'Strooss komm ass. Am beschten veranschaulechs der daat andems dë d'Situatioun op dengem Kichen- oder soss engem Dësch mat engem Modellauto nostells...

Ech froen emol an den Archiven vum Service Météo no, wéini ët am März '95 geschneit huet... Daat do ass den Eck avenue Victor Hugo/rue Ermesinde um L-bierg... also quand même manifestement méi nördlech wéi Esch... closed_eye
JADE 08.04.2010 - 21:56
hahhahaaa ... ech sin zwar eng Null an der Physik an Astronomie (an och Astrologie, ass awer hei elo net gefroot) an an der Nuklearmedizin ...
awer daat dooten schlécken ech net bigsmile ... nee, nee
Jaycee 08.04.2010 - 22:06
bon, da bleiwt der näischt aanescht iweresch wéi mam MarcGerard laanscht ze kommen an dech selwer dervun ze iwerzéegen dass um Negativ nët méi an nët manner drop ass wéi op dëser Foto... Nuklearmedezin héiert sëch interessant un... daat errënnert mëch drun dass ëch nach iergendwou ë puer Gramm Polonium leien hun... closed_eye
JADE 08.04.2010 - 22:09
aus denger Kagébé Zäit ? smile

also dann beim Oberweis? closed_eye
Jaycee 08.04.2010 - 22:13
Vergiëss déi Poloniumgeschicht... daat war just Brach...

Oberweis ass ok, wann daat eisem Maggele nët ze pupëg ass... closed_eye
JADE 08.04.2010 - 22:18
nee, wou war daat dann wou mir déi leschten Kéier driwer geschwaat haaten? et war net den Oberweis

mee dir macht daat schon zu 2 ... ech verstin souwisou nix vun alledeem

an virun esouvill Insistenz ... gleewen ech dir et esouguer elo
mee d'Sonn huet awer geschéngt am März 1995, mee villäicht wor et och net déi selwescht Woch
Jaycee 09.04.2010 - 11:01
... daat war vun der Patisserie O déi hei just nët méi um Bild ass...
ZAC Cloche d'Or


Ech waarden nach ëmmer drop dass de mer matdéels wéinis de eng Kéier Zäit hues... seriö!

Daat mam Schnéi am März '95 checken ech d'nächst Woch...
JADE 09.04.2010 - 14:29
ah ma dann war et awer eng histoire d'O

wéini? jo daat ass déi gutt Fro ... an e puer Méint ... esou Juli?
ech stellen fest dass den MarcG sech net méi geäussert huet (ech mengen hien huet lang Schmieren net esou gaeren wéi mir closed_eye )
Jaycee 09.04.2010 - 19:39
daat ass d'Jugend haut... keng Gedold... closed_eye

also Juli mengs de? ok... haal mech um Laafenden...
JADE 09.04.2010 - 20:12
chiche!! top là!!
Maimonides 08.04.2010 - 23:10
Aal Schanken sin ëmmer gutt, Jaycee,
zumols wann së nei Geschichte provozéieren.
Wat bläiwt: gidfereen ass sich eens mam BMW
an am März 1995 huet ët geschneit
an d'Sonn huet och gëschéngt.
Jaycee 09.04.2010 - 11:07
Du sées ët Charel... hätt nie geduecht dass déi aal Schank hei esou eng Diskussioun géif ausléisen ob echt oder nët, a waat de BM ugeht ass d'Madame Jade nach ëmmer skeptesch well ët sou ausgesäit wéi wann ë just mam hënneschte Rad eng Spur am Schnéi hannerlooss hätt...
Maimonides 09.04.2010 - 22:56
D'Madame JADE, Jaycee,
stëtonguepelt häi just ë Bëssen,
dat weess du vill besser wi ëch.
closed_eye
Ëch muss mol 1 Kéier kucken
bei weem senge Fotoën
d'Madame JADE aktiv gët.
Well sie ass ët jo nëmmen heiansdo.
closed_eye
JADE 10.04.2010 - 12:31
jo, an ëmmer manner ... aktiv ... et ass mir zevill Duerchlaaf gin hei (dh uploads)

ech stëtonguepelen hei awer net, nee, nee ... an och soss gaaaanz rar smile
nee, wierklech elo
Maimonides 10.04.2010 - 14:33
Wou's du Recht hues,
hues du Recht.
closed_eye
Jaycee 10.04.2010 - 17:37
Ma mussen der Madame Jade mëldernd Ëmstenn zougestoen, si huet schliesslech éen ustrengenden a verantwortungsvollen Beruf, an do brauch éen heinadsdo é Ventil... closed_eye
Maimonides 11.04.2010 - 10:48
...och an der Vakanz ? closed_eye
JADE 11.04.2010 - 12:17
Vakanz?
wou? wéini? ... ??
"grübelganzstarkferm"
JADE 11.04.2010 - 12:16
ooooh jooo ... an deen Ventil bléist haut nawell ferm unhappy ... hun nach vill ze machen unhappy
(euuuh, mee, waat fir een Beruf ? ... kenns du mech? ... "grübelferm" ...)



mir kréien gläich een Mahnbréif vun den Admins ... surprised
Maimonides 11.04.2010 - 16:17
Du gruebelsferm iwer Froen no deis du dir selwer stells, JADE, oder net ?
A wann e "Mahnbreif" akut geif gin, keint et jo well bal nemmen weinst "Beruferaten" (op engem Fotosite) sin.
An ech hun nach kee Fatz gerooden.
closed_eye
Jaycee 12.04.2010 - 00:24
Daat ass och nët nédëg Charel... hei ass (baal) alles iwert der Madame Jade hiër Beschäftigung nozeliësen...
Boulevard Joseph II
Maimonides 12.04.2010 - 21:15
Ech haat well bal gemengt ech hätt schon iergendwou Eppes mat "Sprëtze" gëlies.
Merci, Jaycee !
JADE 22.04.2010 - 17:11
jo, jo, joooo ... Sprëtzen an sprëtzeg fueren smile ...
Jaycee 22.04.2010 - 16:54
HEI ASS E SPEZIELLE MESSAGE FIIR D'MADAME JADE:

AM MÄRZ 1995 SIN ZU LËTZEBUERG FOLGEND SCHNEIMASSE GEFALL:

05/03/95 4 CM
06/03/95 4 CM
28/03/95 5 CM
29/03/95 5 CM
30/03/95 2 CM

GEMOOSS OP DER WIËDERSTATIOUN ZU MËREL.
JADE 22.04.2010 - 17:07
hmmmmm ... ech hun dëss Foto an der Iwerwaachung an ët ass nët ungewisen gin, dass een Comment bäigefügt gin ass
(DAAT HEITEN WAR ELO EEN SPEZIELLEN MESSAGE FIR D'ADMINS' ODER MODS' TEAM VUN PHOTOGEN) smile


ma dann soen ech just ... Lëtzebuerg huet definitif een Microklima ... smile

ët ass wierklech nët ze verstoen ????

P.S.: an wou kann een dann esou Saachen nosichen ???

Jaycee 22.04.2010 - 23:06
Am Annuaire Météorologique et Hydrologique... d'Joergäng 1949 bis 1999 sin online bei dëser Verwaltung ënnert der Rubrik Meteorologie ze fannen:

http://www.asta.etat.lu/astahome.html

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 473 Gäscht online