hmmm, eierlech gesoot gefällt mer hei net dat een mengt et sollt richt an paralell sin, mais et as et net ! Zumols well t'auer schief hänkt)
du häss kennen probeieren mat der perspektiv a bessen mei ze spillen, fannen ech ! wonnert mech bei dier e bessen, oder du hues et och gemach, an aus engem bestemmt gronnt leiwer dei do gepost, an deen gronnt werts de mer elo als äntwert gin ??? !
De Grond ass deen, datt do näischt riicht war, an ech mam PS schon entzerrt a geriicht hun, soss hätt d'Auer ee Bauch. Et war net allzevill Plaaz do, well ech net alleng an där Kichen do war. Voilà! Déi Erklärung hëlleft dir elo villäicht net ganz vill weider, mais ech kann die awer keng aaner weise, wou ech mat der Perspektiv gespillt hun.
Den Titel ass super bei der Foto hei - de Kontrast vun der aler Auer mat dem "keng Zäit" vun villen Léit haut kéint méi grouss nët sin. An dann de Schalter....fir Zäit unzehaalen !? Oder irgendwann gëtt de Schalter emgeluecht, an dann ?