Sportfotoen an enger Hal sin eng aner Kategori ewéi Fotoen am fräien.
An dem Senn ass deng Foto der gudd gelongen. Si ass schaarf an kloer. Obschons ech mech froen wéis de dat faerdegbruecht hues mat nemmen 800iso. Hues de vill nogeschafft?
Ma merci mol fir däin Comment. Jo den ISO 800 ass schons Limite gewiecht, den Gros vun den Fotoen ass och mat ISO 1000-1600 entstaanen. Héi wor nach beim waarmspillen, wou ech e puer Saachen probéiert hun. Ech hun se e bessi ophëllen missen, mee waat erstaunlech wor, se war awer relativ hell.
Ass net schlecht mee 800 ISO 1/400 an f3,2 - dann hues de op d'mannst eng Blend opgehaeéét oder du wars an enger aanerer Haal wéi ech :o))
Wann ech meng EXIF'en emrechnen (1600 ISO f2,2 an 1/500 bis 1/640 dann hues de +/- 1 1/3 Blend missten noobeliichten - dat gett jhust mat RAW ouni katastrophal Qualitéitsverloschter. Dat géif och déi Artefakten erklären (déi allerdengs och kenne vum Nooschaerfen kommen wéi en GrAl scho soot. Am beschten direkt richteg beliichten, meng Kamera'en dréinen an der Haal nie enner 1600ISO, da get d'Bildqualitéit nach besser.
Richteg beliichten ass eben sou eng Saach an der Hal... ennert 1000 oder 1250 ISO leeft bei mir näischt an iwert 1250... naja, dat wëll ken gesin Dann muss et nach zimmlech hell sin fir kennen mat f2.8 an 1/320s ze schaffen. Duerno kennt Ophellen um PC mam bekannten Resultat.
Dofir soen ech jo, datt d'Foto hei mol net sou schlecht ass.
gef mer mol deng Emai Adress da schécken ech der mol 3200iso Fotoen, do waers de kuken ;o)
Kuk emol meng Homepage oder nach besser am Tageblatt do oft 3200 iso Fotoen vu mir am 20x30 gedréckt. Am Zeitungsdrock gesaiss de baal keen Ennerscheed zweschen 400 iso an 3200 iso.
Eppes hun ech geléiert an der Haal, léiwer eng Sportsfoto déi rauscht an awer schaarf ass, wéi eppes waat sou soft ass.
Ech wees och daat et mol wéi deet, fir den ISO 3200 auszepaaken, hun ech awer geschter Owend och maachen mussen. Setzten mol villäicht den Owend eng dervun héi drop...