Ech traue mech lo mol di klassisch Fro ze stellen: "Wat wëlls du eis domat soën" ?
Wat d'Foto ubelaangt: mol guer nët su schlecht.
Gefaellt mir trotzdem.
ch fannen net dat ee mat all Foto eppes soen muss ... ech fannen deng Beliischtung ganz gelongen d'Fuerwen sin stemmeg a komme gudd eraus um schwaarzen .. ech haett vlait e bessi aanescht cadreiert sou dat de Kapp vun der Zaennbiischt nach e bessi mei op der rietser Sait wier an dann eebe bessi mei stil mat drop wier .. ech wees net fierwat mee sou ass et weder an der mett nach ass et net an der mett...
Haett d'Zahnpasta lo nach deen typesche reklamswutz uewen ob enger Sait da wier daat den teppelchen um I Flott geschafft!
Ganz schéin an den Fuerwen an och eng flott Beliichtung, allerdéngs hätt ech déi zwou Waasserdrësen nach ofgebotzt. Se wierken hei als obs de dech gehetzt häss fir d'Foto ze machen
Vlaicht wierklech wéi schon geschriwwen gin ass: d'foto vu méi wait ewech ophuelen, méi Still mat ant Bild an dann eventuell uewen an ennen ofschneiden an esou eng Zort Panorama virtäuschen?