... d'Jane Bond vläit? Ech haat emol guer nët un den Agent 007 geduecht, obschons do eng evident Assoziatioun ass (Walther mat Schalldämpfer), och wann ët keng PPK ass wéi an den aale Filmer...
Ech wollt nach nie ëpes soen mat menge Fotoen, höchstens dokumentéieren oder eng Reaktioun provozéieren. Dass du déi hei egal waat fënns ass natirrlech däi gutt Recht... Waat soll ech eigentlëch den arwa froen?
Ganz verschidde Kommentarer alt rem engkéier dat gett rem Diskussioun... daat ass jo och gudd sou.
Ech perséinlech fannen d'Iddi flott, mee wann d'Emsetzung nach mi ''proffesionel'' ging wirken, dat gif scho vill besser ausgesinn.
Firunallem d'Schreft! Eifach mol beim deene Groussen oofkucken, Kinosplaketer asw.
T'jo Klex... ech mengen ech hu keng glëcklech Hand mat de Schrëften. Ech sin mol viru längerer Zäit schons eng Kéier hei domat ugeeckt, a muss mer daat wiirklech méi zu Herz huelen...