Gëschter war ech fir e Kolleeg Fotoen an de Melu maachen, et ass och heen den drop ze gesinn ass. D'Konditioune waren mies, ganz mies, an wéi emmer hun ech mech mam Fëschaa probéiert.
naja bis op den E-TTL gin ech vollkomme rescht, i-TTL gif der et nach mi einfach maan
Mee stemmt schon waats de sees! Wär nemmi di nemmlecht stemung, zwar, mee flait besser suguer...
Wéi lo grad scho geschriwwen, mengen ech et wär bessen ze hell ginn direkt. Wëll d'Stëmmung jo awer halen am ganzen (Fir aner Fotoen den Owend hätt ech en awer sëcher kënne gebräuchen!)
Do op der Foto gesi se net mies äus mee daat ass hei déi eenzeg déi vun der Luucht hier wirklech bräuchbar ass. Matt Blëtz ass daat ganzt ze hell ginn (also mam internen emol), woubäi ech mech net äuskennen matt richtege Blëtzer an net wosst waat domat méigleg geweecht wir Awer sou wei deng Fotoe waren wollt ech des och net hun, well dann wir déi ganz Stëmmung fort well de Recht vum Sall emmer nach däischter wir, géif ech mol soen? Bon fir déi 2 Kéiren am Joër wou ech e Blëtz bräicht, ass et net wärt een ze kafen.
Dat wier den Virdeel vun engem externen Blëtz, du kann genau astellen wéivill Liicht en soll hiergin an (soulang de bei on-camera Blëtzliicht bleiws) kanns de den Kapp schwenken sou dass just den DJ en bëssen beliicht get. Nach en gréngen Gel drop dass en sech flott vum rouden Hannergrond ofsetzt an dann huet d'Foto am rietsen Deel méi Dynamik ouni dass den Rescht vun der Foto ännert. Wanns de den Blëtz net oft gebrauchs mecht et finanziell natierlech net vill Sënn.
Eng Alternativ zum Bletz wier hei och eventuel een Stativ gewiescht, an fileicht ewéi nom gloda senger Idi eng Täschenlucht mat gréngem Gel, ma trotzdem eng flott Stemmung hues do agefangen.
Stativ war do onméigleg, well do wou den DJ ass an den LJ (lightjockey) war et vill ze schmuel, well ech haat et natirlech dobäi an hätt et do gebräucht wann et gaang wir
Merci fir däi Kommentar.
Ech soen just du haas ganz vill gleck dat heen dei bloed damp maschim em dei auerzeit na net unhaat... hihi...jo d konditiounen am melu sin net su ohne fir fotoen ze maan mee dei ass nawel ganz flott gin