oh fr**k ... déi Proffen machen sech ët awer einfach ! ... an iech ët nawell schwéier
also ech verstin den Titel vun der Aufgab emol nët ...
waat soll een objet réaliste sin? ...
waat wier dann een objet non-réaliste/irréaliste? een erfonntenen? een onrealiséierbaren? een den ët nach nët gëtt?een deen een sech nëmmen virstellt? ... ? ? ?
ass mir ze philosophesch
Mojoo, verstees du daat? ... hmmmm ... bestëmmt! du bass daat sëcher schon gewinnt ...
am fong ass et een "objet réaliste impossible", mee well ech am fong wollt wessen ob et e bessen no foto an net no bild ausgesäit, hun ech deen deel vum bild weggelooss. An der definitiver versioun ass nach een Lach an aapel form am écran
euhmmmm ... meng Meenung bleiwt déi selwescht ... an ët ass jo nach schlëmmer ... elo fannen ech ët nach méi schwéier ...
mee villäicht kruut dir jo méi Erklärungen dozou, an villäicht och Beispiller ...
Ech denken et ass drëms gaangen een Objet optësch réalitéitsgetréi mam Computer duerzestellen.
Gesäit ganz gudd aus. D'Materialduerstellung ass der duerch d'Schieter gudd gerooden.
Gesäit dat lénkst Enn vum Dock esou verzerrt aus duerch d'Perspektive?
"...een Objet optësch réalitéitsgetréi mam Computer duerzestellen."
jo, daat ass him gutt gelongen ... esou haat ech ët verstaan ... also eppes matt Hëllef vun Computertechnik moolen ...
meeeee ... un "objet réaliste"? ... an och wann ët heescht "un objet réaliste impossible" ... ??
ech haat zimmlech problemer fier den ecran dran ze setzen, well ech den hannergrond an all d'ikonen vun engem screenshot aus gemoolt hun, dei waren also all platt, an et war net evident fier dat ze verzeien, well am illustrator gett et net sou een einfachen tool wei am photoshop... oder ech hun en na emmer net fonnt
Wat mengs de genee mat "et war net evident fier dat ze verzeien"? Noodeems de dei eenzel Objeten vectoriséiert hues misst dat dach keen Problem mei gewiercht sin, och vun den Proportiounen hier?
Häss de net kennen den Photoshop mam Illustrator verbannen? Ech schaffen sou Féinaarbeschten léiwer am Photoshop aus an setzen se dann an den Illustrator (awer och nëmmen well ech am Ps mei à l'aise sin).
proportionell verzeien ass jo och kee probleem, mee ech hun nemmen problemer fier et perspektivesch hinzekreien... no 3 stonnen zeien a probeieren haat ech es och op eemol genuch
an weienger schoul bass du dann do? also mir missten o sou saachen maan, awa net su iwwerdriwen fill... well daat doten ass jo awa eng reih stonnen arbecht.. ob allefall hues de deng arbecht gudd gemaach
momentan sin ech zu breissel um CAD. Daat doten war meng "kleng" aufgab fier iwwert d'vakanz, ech hu opgehaal d'stonnen ze zielen, mee ech hun et immens gär gemeet
dat doten ass och dat eischt bild an deem stil wat ech am illustrator gemeet hun. do muss een einfach e bessen hin an hier probeieren... dei wichtegst outil'en sin natierlech d'plume, einfach dégradé'en, gradient mesh an clipping mask. (an eng gudd foto fier d'konturen nozemolen )
mann geseit dat escht aus all respekt hun am ufank geduert wir eng foto mee wann een bessi mi genau kuckt mierkt een dass et selwer gemaach ass. Supper.