dat heescht eréicht wann ee weess wéi den origonal ausgesäit huet kann ee bestemmen ob se zevill verschafft as? deemno misst een op déi platz gin an dech dat mat den eegenen aaen ukucken, well däi original kann nimols duerstelle wat do woar
an ech fannen se sou wéi se as agreabel. gudd, et fehlt elo e bessi u schäerft, mee dat as fläit bei der bearbechtung bzw. beim späichere geschitt. also net derwäert fir elo 't foto schlecht ze fannen.
méng meenung
zur foto: ech fannen se immens flott, well esou vill kënschtleresch elementer dra sin. as eng immens witzeg ausso. an deen "exit" hannen as coh flott am bild!
och 't luucht, a wéi gesot déng filterung as flott!
nee nee, ech haat engem d'original an dei do versioun gewissen, deen huet alt gemengt d'original wier besser daat haat mech bessi veronsechert
d'schaerft ass leider verluer gaang well ech se ob 300 KB hu musse rofsetzen fir den Internet.
Majo, daat do ass eng ganz photogen Plaatz geweescht (den Exit an d'Baenk hunn jo well eng eege Foto hei )
merci, deen do kommentar helleft wierklech
Stemmt... sin anverstaan mam Jade: dei onschärft passt iergendwei schon heibai... wees net virwa. passt zu deem gefill deen een huet wann een duerch d'ausstellung geet, sou onrealistech wei verschidden saachen do wierken...
An nach eng keier: Nemmen hin! ) Sin schon ongedellg!
deng Beaarbechtungstéin sin ganz flott ... wierklech ...(an daat an denger ganzer Serie)
an esouguer, dass se nët scharf ass gehéiert zu deenen Téin an deem Sujet ... fannen ech ...
Schärft géing hei nët an den Konzept vun dëser Beaarbechtung passen ...fannen ech emol ...
ech mengen afg as hei ugesot, jo!
ech kann neemelch perséinlech mat onschäerft näischt ufänken. ausser et passt eben bei 't ausso vum bild, an hei passt et ménger meenung no net.
Haha gudd gesin Wars de selwer dohinner spillen ?
Majo wann dat net géif do stoen dann geifen se henno ganz Rutsch erop setzen schéin een hannert deem aanren