Bei dëser Photo haat ech keen Blëtz,
ech wollt daat och mol ausprobéieren, well bei deen déi ech vun enger Zeit gemach hun, haat ech deemols mat Blëtz geschafft. Scharf Mëllech
wiirklech flott.. gefaellt mer vill vill besser wei dei mat de Kiischten! dPaprika brengt sou schei Form a Faarw an daat ganzt....de cadrage fannen ech och gudd gewielt!
Jop kann deenen anneren och rem nemmen zoustemmen super foto
schein scharf super faarwen wirklech gudd
et sust eppes klenges waat mech e bessen steiert an zwar op der rietzer seit vun der chilli huet sech dei rout faarw vun der chilli an der mellesch gespigelt
ass awer och lo nemmen eng klengeschkeet an steiert mech lo net ou immens fill wollt sust mol soen
hmmm...as FILL mei natierlech wei deng eischt versich->fun den faarwen hier gefellt mer des filll besser...
mee: daat scharft deel as mer net SCHARF genuch...mengn do krusde na eng grimmel beweegungsonschärft dran...schued well gudd ausgeliicht gesait se zumindest mol aus...
ausserdem stieschen bei dengen 2 eischten versich dDrepsen FILL besser raus...hai fehlt et bessi un kontrast(firunallem do wou et ennen lenks sprutzt...)
wees usech nik rischtech weieng ech besser soll fannen...daat aalt motiv mat dä aaler schärft an denen naien faarwen wier ma eng 10 wärt...
Déi Ënnerscheeder zu denen éischten kommen duerch den Blëtz, mat deenen ech déi gemach hun.
Bei dësen wollt ech mol mat Dagesliicht an Diffuser probéiern.
okay!huet FILL bei den faarwen geholef...mee wan ech sou iwerleen mengn war net anescht dran: na mei hell dann geet na mei detail fun den sprutzerten verluer an manner beliicht get dOnschärft na mei grouss...
hues mengnsch den kompromess font!;o)
Du hues den Beruff verfehlt. Matt dengem Verbrauch häss de sollen Mellechmann ginn.
Foto > gefällt mer extrem gudd, schoarf, détaillert an excellent cadreiert.
Respekt
PS: Ween huet gebotzt no dengem shooting??