Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Shoreline pebbles

 
Shoreline pebbles
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.11.2005
  • Gekuckt:
    23316
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    6 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    415 KB
  • Originaldatum:
    2004:10:09 18:10:12
  • Fotoapparat:
    DSC-P72
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Allgemeng  
Extras:
- déi üblech Photoshop Saachen
- Diffuse filter

Fir anzesetzen: [pg_img=1434]
Kommentar vum Fotograf:
Soll ech e Wallpaper draus maan?
sepisultrum 16.11.2005 - 15:18
ech fannen de filter och gudd ausgewielt. D'Steng gesin doduerch richteg nass a gletscheg aus.
Minaa 16.11.2005 - 17:25
wow schéin Färwen!smile Wou ass déi gemaach gin wann ech froen därf?
mi-ma-maika 16.11.2005 - 17:54
uah steng!wi cool, wou waren dei?closed_eye
Syacelion 16.11.2005 - 21:28
Naja, "eigentlech" as se schon de richtege Wee gedréihnt sou... closed_eye
Déi Steng waren schon naass a glëtscheg a schéin faarweg, an och onverännert déck schéin, mee op all eenzelnem Steen huet een ze däitlech d'Reflektioun vum Blëtz gesin, daat huet mech gestéiert. Bon, och lo as jo nach op villen Steng eng Spuer dovun.
Merci, fannen och, dass de Filter passt! smile
An déi Steng, déi leien zu Aberystwyth an Wales, UK, an enger klenger Bucht tëscht de Klippen um Mier.
celinou 22.01.2006 - 22:16
emgedréint géings e mer vill besser gefalen... super farwen!
Syacelion
Also mir gefällt se sou ganz gutt; mee an allen 3 aaneren Ausriichtungen zimlech genee sou gutt. Wéi e Wee häss du se dann gären gedréihnt? smile
Ech fannen ët witzeg, well jiddereen fënnt eng aaner Ausriichtung flott biswell; ech kann dat mengen ech och verstoen, vue dass an all Ausriichtung de Bléck aanescht fällt an aanescht geleed get well déi Steng, déi am Meeschten rausstiechen, an/oder aanescht de Bléck op sech zéihen, op aaneren Plaatzen leien.
An Bléckriichtung, wéi mir kucken, wourop mir kucken, waat eis usprëcht, wéi mir drop réagéieren, daat as eng immens individuell Saach; -denken ech alt mol. smile
JADE 02.08.2006 - 02:40
Joooooo ..... mach een Wallpaper draus .....

an zwar an daer Richtung gedréint wou een nët andauernd den Kapp verdréinen muss, an een Torticoli kritt ...... also nët dësen Wee ... smile) ....

(géing mengen den héigen Wee, Waasser uewen an Steng ënnen ... hehe ... esou gët MÄIN Gehier alt emol domadden eenz ... )

OK-Photography 21.04.2007 - 21:44
gin dem JADE op ALLEN punkten rescht!!wallpaper ginsch direkt kukn op et een guff...closed_eye an dreinen...joh...sou ergett dPerspektiv einfa keen Senn!
flott foto mat scheinen Blur driwerlaien!!
JADE 21.04.2007 - 22:12
nee, nee BP ... hien huet keen draus gemach ... unhappy(
OK-Photography 21.04.2007 - 22:59
jeps...hun o bis zum schluss duerschgezappt....niksdo....
man mol vierrun!!tonguetonguetongue
Syacelion 27.06.2007 - 14:09
Oh... Ech haat iech jo deemols e Wallpaper ugebueden, an iech en nie geliwwert.
Hm... mol kucken op ech déi Foto rëmfannen anzwousch. smile
JADE 27.06.2007 - 19:03
boooofff ... 18 Méint Wartezeit daat geet jo awer nach ... closed_eye) ... an du muss se elo jo och nach erëmfannen ...
Syacelion 28.06.2007 - 03:42
Majo, ech mellen mech bestëmmt emol virun 2010! smile
JADE 28.06.2007 - 20:05
nee daat geet awer nët !!... dann as d'Frist eriwer ... von wegen Verfallsdatum an esou ...
an bis dohin ... ass villäicht een Ersatz fonnt gin ... unhappy)))

allez hëtonguep !! ... gëff dech drun !!! ... dass daat eppes matt deem WP do gëtt !! ...
hues bestëmmt nix aaneres ze din am Moment ... also!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 418 Gäscht online