Den Opwand mat de Baatschen op de Gletscheren gëtt scho säit langem an den Alpen bedriwwen, ..ech denken do hu sech Experten laang genuch Gedanken driwwer gemach a wärt schon irgend ee Sënn machen, ..hoffentlech !!
Merci Tom fir däi Kommentar.
Ech war jo zwee Méint virun dir do, awer uewen um Aussichtspunkt um Vier Quellen Weg. BTW gesin ech de Rhonegletscher all Daag, well ech eng Foto vun do als Hannergrondbild op engem vu méngen Ecranën hun. Ech froe méch lo, ob s du wierkléch Entrée bezuelt hues, fir sou no bäi ze kommen... Oder hues du do eng Plaz fonnt, wou ee konnt den Hiwwel rofklamme, fir sou no bäi ze kommen? Et kann alles näischt hëllefen
Vis-a-vis vum Hôtel Belvédère geet e schmuele Pad ''Vier Quellen Weg'' erop a vun do aus kënns de erof bei de Gletscher. Zesummen mat menger Madamm hu mir eis viru ville Joren mol do erof gewot, et huet awer méi mat Harakiri ze din ewéi mat wanderen, zemools wann d'Stäng och nach naass sin, ..a mengem Alter entretemps doen ech mir dat zwar net méi un .
A jo, ech hun hei wéi och scho Jore virdrun Entrée bezuelt fir op de Site, a sou munch intressant Motiv ass garantéiert. Spéit an der Saison wann net zevill Leit sech do ophalen kann ee sech woen hannert d'Barrikaden ze kloteren , 'trotz deem engen oder aneren kritesche Bléck', vir dann um Fouss vum Gletscher virun ze wanderen. Bei där Geleeënheet hun ech eng intressant Platz fonnt wou ech ënner anerem eben dës Opnahm konnt realiséieren.
Genee dee Wee beim Belvedere rop si mir och am Summer elo gaangen. Do ass jo op halwer Héicht eng Plaz, wou een eng schéi Vue op de Gletscher huet. Vun do sin iwwregens méng Fotoe vum Rhône-Gletscher an de Pano gemaach gin. Wéi mir deemols dohinner waren sin ech quietschvergnügt do ropgaangen, wéi op eemol méng Madamm op méng Féiss gewisen huet a sou dréche gesot huet: "Sou! Du weess jo, datts du déng "On-Schung" un hues amplaaz vun dénge Biergschung?!" An du war just nach demi-tour ugesot a Wanderunge waren deen Daag just nach op Macadamm an um Flaachen ugesot.