gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Hei en interessanten Fotosconcours den ech de Mëtten weidergescheckt kruut.
Et handelt sëch em en Fotosconcours den vun der SICONA an Zesummenaarbecht mat den „Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn“, dem „Musée national de l’histoire naturelle“ an der „Société des naturalistes luxembourgeois“ organiséiert gëtt. D'Thema vum Concours ass "Eis schéinste Blummewisen" an et ginn 4 Kategorien:
- Habitaten: Wisen an Weiden, Trockenrasen an Fiichtgebitter
- Fauna an Flora vun deenen Liewensraim
- Besonnesch Aarten (Spezialistenkategorie): Kammmolch, Gelbbauchunke, Wimperfledermaus, Baumpieper, Heidelerche und Gartenrotschwanz
- Jonk-Fotografen bis 12 Joer: Wiesen an Weiden, Trockenrasen an Fiichtgebitter an Déieren an Planzen
Déi beschten Fotoen ginn mat Präisser vun insgesamt tëschen 50 bis 250€ ausgezeechent ! Den Délai fir matzemaachen ass den 01.10.2015.
Ech wënschen vill Spass, gudd Luucht an virun allem gudd Fotoen
|
|
03.06.2015 23:08 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
|
04.06.2015 10:13 |
|
|
ornitho unregistriert
|
|
RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Salut Schluck, eng Fro, do steht nix mam Reccadrage vum Bild dran wat alabt ass an wat net ? Oder fällt dat ennert den Text : "addition ou suppression numériques des éléments" well wannste crops, also recadreiers gief en io och en Digitalen Deel vum Bild ewesch heulen...
MbG.
Gianni
|
|
05.06.2015 07:23 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Salut Gianni,
cropen ass ëmmer erlaabt, mëttlerweil an all Concours. Wat's de nët dierfs ass Stempelen bzw. Saachen béifügen.
Léif Gréiss,
Schluck
|
|
05.06.2015 07:58 |
|
|
ornitho unregistriert
|
|
|
05.06.2015 10:02 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Nee, dat ass nët méi sou an dat hänkt och souwisou vum Concours of. All Concours huet ëmmer säin egent Réglement. Een Sensorfléck dierfs de normalerwies och stëmpelen wëll dat ass jo keen Elément vum Bild.
Ët wonnert mech lo ee bëssen dass de mer déi do Fro lo héi nach eng Kéier stells wëll genau déi do Diskussioun haaten mer dach virun 2 Méint wéi mer eis zu Esch Gaalgebierg begéint hunn... ?!
Wat elo den Concours vun der SICONA unbelaangt kanns de dat gäer bei hinnen nofroen (TéL steet am Flyer) ... ech hunn dat Réglement nët geschriwwen och wann mir den Concours als LNF matorganiséieren.
Léif Gréiss,
Schluck
|
|
08.06.2015 17:17 |
|
|
ornitho unregistriert
|
|
|
08.06.2015 21:41 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Sou vergiesslech, an dat an dengem Alter, dann géif ech awer eng Kéier durno kcken lossen.
|
|
07.07.2015 14:25 |
|
|
ornitho unregistriert
|
|
RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Ma kuck Du no Dengen an Ech no mengen
|
|
07.07.2015 15:16 |
|
|
Foto_by_eric unregistriert
|
|
RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
hallo kann jidderen mat machen ?
|
|
07.07.2015 15:57 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Jo Eric,
den Concours ass fir jidddereen. Kuck och héi, héi fënns dei méi détailléiert Infoën an d'Règlement vum Fotosconcours:
Concours Photo LIFE Grassland – Flyer
Concours Photo LIFE Grassland – Règlement
Falls de nach froen hues kanns de dat gäer bei der SICONA nofroen (TéL steet am Flyer)
Léif Gréiss,
Schluck
|
|
07.07.2015 17:53 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
|
08.10.2015 09:32 |
|
|
|