Knipser
Jungspund
Dabei seit: 11.07.2006
Beiträge: 17
|
|
Salut, ech wees net op dest hei hin passt, ma villeicht huet oder hat een fun ierch ähnlech Problemer, ech hun seit den Metteg een Brell mat "gleitsicht" also keen bifocus ma esou een gleitenden Focus vun noh bis weit. Ech hat bis elo esou een Liesbrell vun 8 Euro mat deem ech super eens gin sin fier op dem Bildschierm ze kucken. Mein neien Breel as super fier weit, geht och gudd fier Fotoen ze machen,also duerch den Sucher ze kucken,liesen as och ok. Ma wann ech domat op den Monitor kucken géif ech en am léifsten an den Eck geheien ! Ech muss dauernd den Kap bewegen an gesin emmer nemmen een Deel vum Schierm scharf wat z.B. bei enger Landschafsfoto irgentwei net klappt. As et dass ech mech muss un dat Dengen gewinnen oder as dat einfach neicht fier op den Monitor ze kucken. Wier froue wann dir mir är Erfahrungen mat esou engem Deel géift schreiwen...merci am viraus.
|
|
15.10.2009 21:06 |
|
|
Christian74
Grünschnabel
Dabei seit: 14.03.2009
Beiträge: 5
|
|
Salut Knipser, wanns du mat dengem Gleitsichtbrell oder progressiv Brell, op den Monitor kucks
, deen meechtens op enger distanz zweschen 60 an 80cm wait vun dem dengem Kapp ewesch steet,
dann kucks du grad duerch d`Mett vun der Progressioun Zone. Daat heescht , dat as den Iwergang
vun Wait op No Beraich, deen Beraich ass bei all den Progressiv Glieser am schmuellsten, technesch
awer och net aneschtes machmabar! Solutioun ass warscheinlech, bei engem bellegen Liesbrell, oder speziell Progressive Glieser fier den Pc, (buisness , office...) alt erem eng deier Geschicht.
Du bass net eleng mat deem Probleem, ech hoffen ech konnt dier e bessen weider hellefen.
christian , opticien
|
|
16.10.2009 07:33 |
|
|
Knipser
Jungspund
Dabei seit: 11.07.2006
Beiträge: 17
Themenstarter
|
|
Ech soen dir villmols merci, du konns mer ganz vill hellefen, lo wees ech emol dass et net as dass mein Brell net gudd as, ech wollt halt vermeiden mat 2 Breller ze hantéieren, well net nemmen dohem ma och ennerwe mam Laptop muss ech eben dann deen 2ten Brell dobei hun mat all deem gedezems wo dat mat sech brengt. Ma ech wärt mir awer elo een extrabrell mat menger stärkt machen loossen fier op den Schirm ze kucken.
|
|
16.10.2009 09:34 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Oder setz den Schierm méi héich.
__________________ www.gloda.net
|
|
17.10.2009 00:46 |
|
|
Knipser
Jungspund
Dabei seit: 11.07.2006
Beiträge: 17
Themenstarter
|
|
Ech hun den Schirm och schon an all héicht an op all Distanz probéiert, et as ewéi den Chrirtian74 gesot huet durch deen schmuelen Bereich an der Iwergangszone net méiglech den Focus op enger méi groesser Oberfläsch ze hun. Nierft deenen Vierdeeler vun esou engem Progressivbrell as dat do eben den Nodeel. Elo get esou een spéziellen " Monitorbrell " bestallt, dann wärt ech denen aneren hier Fehler nach besser gesin, an meng awer eléicht wann een mech drop hingewisen huet :-)...merci fier dein Komment.
|
|
17.10.2009 19:17 |
|
|
|