Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- ND Filter (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1869)
Geschrieben von LP am 03.02.2012 um 08:16:
ND Filter
Moien alleguerten,
ech wollt mer en ND FIlter zouleen vir Langzeitbeliichtungen zeman, mee main Problem ass dass ech net genau wees wei stark en soll sin.
Kenn der mer soen waat der benotzt oder schon probeiert hudd?
Villmols Merci
Philippe
Geschrieben von BlackPanther am 03.02.2012 um 09:42:
hm...interessant Fro! ech wuarden dann mol einfach mat op eng äntwert!
ech wees just dass net vill Lait sou Filteren hun - se sen deier an speziell am Asaatz...
(wou hues de welles se ze kaafen?)
Geschrieben von TomEwert am 03.02.2012 um 11:34:
ech hun een ND4x ... do hellt mir also 4 blenden luucht "fort", an ech sin ganz zefridden mat dem. (ass keen ze deieren vun hoya)
Geschrieben von gloda am 03.02.2012 um 12:08:
Ech hunn en 77mm Tiffen ND.9 dee mer scho säit laangem trei Dingschter leescht. Meeschtens ass déi Stärkt fir mech grad genuch fir dono Kombinéiert mat der Blend dat ze erreechen wat ech wollt hunn.
Geschrieben von LP am 03.02.2012 um 13:52:
Villmols merci vir dei vill Äntwerten.
Ma wollt mer dem next kaafen wees na net wou well hei zu Heidelberg haten se main Diameter net.
Kann een vun ierch aschätzen wei stark deen ND Filter ass:
http://500px.com/photo/2754586
LG
Geschrieben von gloda am 03.02.2012 um 14:15:
Fir den ND ongeféier ze errechnen bräichte mer EXIF Donnéen an mer misste wësse wéi hell et deen Dag war. Ouni déi Informatioune ginn et zevill Variabelen.
Geschrieben von Schluck am 03.02.2012 um 15:48:
Salut, ech hun een variabelen ND Filter an dat ass zimmlech praktech wëlls de kanns sou anstellen wei's de een grad brauchs.
FADER Variable ND 77mm
Du kriss se mëttlerweil och vun Heliopan beim Lecuit
Hei och d'EXIFën vum Bild wou den LP schreift:
EXIF IFD0
Camera Make = Canon
Camera Model = Canon EOS 7D
Picture Orientation = normal (1)
Last Modified Date/Time = 2011:10:20 19:43:43
EXIF Sub IFD
Exposure Time (1 / Shutter Speed) = 80/1 second ===> 80 second
Lens F-Number / F-Stop = 22/1 ===> Æ’/22
ISO Speed Ratings = 100
Original Date/Time = 2010:11:17 13:32:50
Shutter Speed Value (APEX) = -6321928/1000000
Shutter Speed (Exposure Time) = 1/0.01 second
Aperture Value (APEX) = 8918863/1000000
Aperture = Æ’/22
Flash = Flash did not fire, compulsory flash mode
Focal Length = 17/1 mm ===> 17 mm
Image Width = 800 pixels
Image Height = 800 pixels
http://500px.com/photo/2754586
Geschrieben von gloda am 03.02.2012 um 16:35:
Ok, mam EXIF kann een elo ongeféier schätzen wat fir een ND Filter et war.
Kuerz Äntwert: ND 3.0 wéi de Johny an de Galileo en hunn.
Lang Äntwert:
Wa mer dovun ausginn dass et en Dag mat ville Wolléke war gëlt d'Fauschtregel Blend f/8 an e Shutter Speed vun 1/ISO. Säin ISO ass 100 also kréie mer als Basis f/8 bei 1/100. Vun 1/100 op 80" sinn et 13 Blenden, mä vun f/8 op f/22 sinn der neess 3 fort komm, da bleiwen also 10 Blenden Ënnerscheed vun der Fauschtregel zum EXIF. 10 Blende manner kritt ee mat engem Filter mat enger 'optical density' vun 3.0 huet.
Natierlech, wann d'Foto spéit Owes gemaach gouf huet e vläicht iwwerhapt keen ND Filter benotzt. Méng Rechnung huet sech op déi Zäit bezunn wou et hell ass.
Geschrieben von LP am 03.02.2012 um 17:47:
Wow villmols merci vir all dei Infoen waert mer dann warscheinlech sou en ND3.0 zouleen
Geschrieben von marker am 11.02.2012 um 10:20:
Salüt LP,
Hei och nach e puer Gedanken beim Uschafen vun esou engem Filter. Ech wees net wéi eng Usprech dat's de un Qualitéit stell's, mais du muss ëmmer bedenken dat de Filter deen's de op d'Optik schrauw's an deem Ablëck deng ''Frontlëns'' ausmecht, an do spillt d'Qualitéit vum Glas ''Vergütung, etc.'' eng enorm Roll.
Filter vun exzellenter Qualitéit kriss de vun B&W ''Jos Schneider Optik'' oder vun Heliopan.
Ech benotzen zanter mei ewéi 20 Joer ausschliesslech Filteren vun Heliopan, neierdings och an der Digitalphotographie. D'Qualitéit ass ganz gutt, an och hei zwee méi rezent Beispiller mat engem ND3:
http://www.photogen.lu/view.php?id=60021
http://www.photogen.lu/view.php?id=60820
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH