Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Pop Art Foto
 
Pop Art Foto
Hei eng Mannéier fir eng Foto als e Bild, a Richtung Pop Art ze kréien.

Lenks hei d'Original Foto, riets d'Bearbechtung mam Photoshop:




1)
Maacht är Foto am Photoshop op an duplizéiert den Background layer.
Gidd dono an de Menu IMAGE, wielt do ADJUSTMENTS, an dann THRESHOLD.
Stellt den Threshold sou an, datt een ärt Motiv nach gudd erkenne kann.
(Ech zb. hunn Level 75 geholl)




2)
Sicht iech dann eng Plaatz eraus, déi faarweg soll ginn. (Ech z.B. hu mam Mond ugefaangen) an huelt dat Instrument ennert dem Pfeil an der Tabelle lénks a sicht eng Faarw eraus.
(Einfach an der Tabelle op e vun deenen zwee faarwegen Karoen klicken a d'Faarw bestemmen.)
Mat deem gidd dir dann de Konturen vum Mond no. Vläit ass et am béschten wann dir do déi Original Foto huelt, well do Konturen nach am Beschten ze gesinn sinn.




3)
Wann d'Mask fäerdeg ass, leet se iwwert all déi aner Layeren, falls dat nach net de Fall soll sinn.




4)
Fir datt een lon nach déi schwaarz Konturen (duerch den Threshold) gesäit,
gidd bei d'Layeren. Uewen riets am Eck ass eng Tabelle, wou normalerweis NORMAL drasteet.
Wielt do DARKEN eraus a schon gesäit een déi schwarz Linnen duerch de roude Mond.
Dono kann een nach mat der OPACITY spillen, sou datt et nach e bëschen méi duerchsichteg gëtt, zb. et erof op 95 % setzen.




5)
Lo kënn dir nach all déi aner Saachen op dës Art a Weis fierwen (Aan, Hoer oder ganz Gesiicht)
Zum Schluss kënnt dir nach en knallegen Hannergrond wielen.
Maacht dofir en neien Layer, fëllt deen mat der Faarw a setze den Layer hannert all déi aner Layeren, also ganz ennen an Tabelle.




A fäerdeg ass är Foto.

Ech hoffen ech kount enger Rei Leit weider hëllefen, an dat op verständleg Art a Weis.
Vill Spaass nach beim Bastelen.

Verbesserungsvirschléi oder Kritik si wëllkomm, et gëtt vläit och en aneren Wee fir op dat selwecht heiraus ze kommen, mee den heiten schéngt mir mol net lt ze komplizéiert ze sinn.

Geschriwwen vum Kotick 17.04.2008, ass säit deem 22488x gekuckt ginn.
toto 17.04.2008 - 17:04
do fehlen awer punkten smile

lueden mol een popart erof fir daste geseis wat ech meingen. geseit herno besser aus. http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=26370
klex 17.04.2008 - 17:52
pop art musse jo keng punkte sin?!?
intressanten tutorial, merci smile
Kotick 17.04.2008 - 18:25
ok, wees wats du mengs. Obwuel et och eng rei pop art biller ginn wou déi punkten net sou erausstiechen.
Wann ech mech gudd erenneren si beim andy warhol guer keng drop, op sengem marilyn monroe.
Mee do kann een da maachen wéi een wéilt, bzw. ech wees net wéis du déi punkten um photoshop kriss...?
merci awer
Mojoo 17.04.2008 - 19:22
Den Roy Lichtenstein huet d'handgemolten d'Punktrastertechnik während dem Pop Art populär gemaach, den Andy Warhol haat oft aaner Themen an Techniken. Et geet awer iwwregens net duer en Layer mat Punkten iwwert eng Foto ze setzen an et dann als Pop Art ze katégoriséieren.

Den Tutorial ass flott, beim Schlussresultat hätt ech just den "Kënnbaart", deen duerch den Schierd an der Ufanksfoto entstaanen ass, ewäsch gemaach.
Kotick 17.04.2008 - 20:08
io stemmt, ech wousst net op ech dee "kënnbaart" closed_eye soll si loossen oder net, mee et ass besser ouni
toto 17.04.2008 - 21:26
meing meenung fannen dat mei interessant. mais bon ausser dat um ken guden tuto
possy 18.05.2008 - 13:20
du wees, dats du mir heimat e groussen gefallen mechsbigsmile
Kotick 20.05.2008 - 19:26
closed_eye awer emmer, kriss de et sou hin

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 262 Gäscht online