Flott gesi mat deene farwéche Plagekabaisercher an der Diagonal Iwwerhaapt ass ee flott Spill vu Linnen an Texturen, vu Farf a Grotéin, vu Liicht a Schied an dénger Foto. Eenzeche bémol: d'Sp?tzt um Liichttuerm ass ugeschnidden an ech denken, wann do no uewen nach e bësse Loft wier, da wier et nach besser. Mais ech weess aus Erfarung, datt do net ëmmer alles méigléch ass wéinst e sëllege Contrainten, déi de Betruechter vun der Foto net kenne kann. An dofir gin ech dir awer een Domm rop fir di Foto hei.
Soen der villmols merci vir dein Kommentar. Du huest Recht mat der Spetzt vum Liichttuerm mee ech war uewen um Fiels an ech hun missen jongleieren vir deen Kadrage ze kreien.
Intressant mat der Säiteluucht. Ech gi mol vun der Treport - Terrasse op der Falaise aus??
Ech hat leider net esou vill Chance mam Wieder wéi ech deslescht do war, hei d'Vue aus der Kabinn vum Funiculaire.