E Bild mat enger schéiner mystescher Atmosphär. Trotz den donkelen Tounwärter huet d'Bild vill Nuancen ze bidden, an en plus een intressanten Degradé mat enger schéiner Déift.
Cool fannen ech den Dall mam Niwwel an déi eenzel beliichten "Spotten", besonnesch d'Wandrad, ..fir mech d'Kiischt um Kuch.
Ech hu jo och, ganz am Sënn vun déngem Link op dem AA säi Moonrise bei ménger Foto vum "feiereche" Sonnenënnergang bei eis zu Rammerech, di Foto hei mam SilverEffex ge-"tonemapped". Ech denke schon, datt ech dem AA séng 10 Zonen (ten shades of Grey) all irgendwou an der Foto hei ënnerbruecht hun. Iwwregens ass et impressionnant an deem klenge Video, wéi aus engem flaachen Negtativ déi berühmte Foto do entstannen ass. Hei bei mir war et just ëmgedréit, hei war alles zimmléch schwarz am Original, well ech stark ënnerbeliicht hu missen. Di Cellule vun der Z7 mécht jo gären d'Nuecht zum Daag, wann een net oppasst. An du hun ech fir d'éischt mam Lightroom mol di farwech Foto equilibréiert an dunn réischt am SiverEffex d'Atmosphär rageregelt.
Am Fong maachen ech et och baal emmer sou. Fir deischt am LR just grongregelnd Saachen änneren an dann riwer an den Silver Effex. Duerno nach vleit e puer Nobesserungen am LR. Allerdengs gett et och Fotoen déi ech just an den LR importéieren an dann direkt riwer an den Silver Effex huelen. Duerno dann all aaner Korrektiounen am LR. Wéi gesoot, et hänkt vun der Foto of.
Hell war et och wirkléch nach net do, mais dee Sensor vun der Z7 huet dat awer net sou gesin, ouni datt ech him bäibruecht hun, hie soll d'Welt mol méi "schwarz" gesin...