Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

D'Engelcher baken

D'Engelcher baken
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.01.2021
  • Gekuckt:
    1126
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    406 KB
  • Originaldatum:
    2021:01:09 16:53:07
  • Fotoapparat:
    NIKON Z 7
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    Z24-70 f:4
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91067]
Kommentar vum Fotograf:
Mais ob se lo schon ufänke, Fueskichlecher ze baken, dat kann ech net soen. Fir Boxemännercher a Galette des Rois ass et jo awer schon aus der Zäit...
Jean-Jos 12.01.2021 - 19:12
Béis. Dat ass bal wéi e Vulkanausbroch.Den Himmel schimmert esouguer plazeweis roud am Schnéi. Flott agefangen!
Nicon07 13.01.2021 - 19:13
Merci.

Ech war immens frou, datt den Z7 mat där Luucht an de Kontraster sou gudd eenz gin ass. Well ech weess net, ob ech mat der D750 oder enger aanerer vu méngen Nikon DSLR dat sou propper hikritt hätt.
marker 18.01.2021 - 09:47
Staark Luucht, an intressanten a krasse Géigesaz zum bloelzege kaal wierkendem Schnéi, an en plus ass d'Clôture wou gekonnt an d'Bild féiert nach dee klengen Tëρρelchen um I
Nicon07 18.01.2021 - 10:15
Ech soen och kengem, datt ech mat digitale Verlaaffilteren am LR geschafft hun... smile

Merci, Marc!
marker 03.02.2021 - 10:04
Soulaang dat Ganzt moderat ausgeféiert gëtt an eng Verbesserung am Bild ausmécht, an en plus och nach natierlech ausgesäit ass dat dach ganz OK.
PS: ...souguer den Adams huet sengerzäit scho praktesch bei ALL senge Biller d'Tounwärter ugepasst, besonnesch bei sengem wuel bekanntste Wierk

Nicon07 04.02.2021 - 14:38
Dat ass korrekt! Ouni dat geet et jo souwisou net an der Konscht. Wéini ass schon eng Foto out of the box sou, wéi se soll si, fir datt se engem als "natirléch" firkënnt?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Äiseg

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: sima123
Am Ganzen: 3709
keen Benotzer an 320 Gäscht online