Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stelliséi

 
Stelliséi
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.11.2015
  • Gekuckt:
    28197
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    8 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    50mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1400x736
  • Späicherplaz:
    824 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2015
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=84903]
Kommentar vum Fotograf:
..op 2537m Héicht bei Zermatt, net onbedingt zu engem gënschtegen Zäitpunkt fotograféiert sou matzen am Daag. Hoffentlech wierkt d'Bild net all ze vill ewéi eng Postkaart..!!
Maimonides 07.11.2015 - 17:16
Dat ass schonn eng Postkaart, marker,
mais awer eng ganz ganz schein !
marker 09.11.2015 - 10:04
..et voilà, dach eng Postkaart closed_eye
..a fir dat 'Schéint' Maimonides, Merci gesot..!!
Zora 07.11.2015 - 19:18
super kloer Foto, schein verschafft an präsentéiert!!
marker 09.11.2015 - 10:05
Merci Zora, dat freet mech hei ze liesen..!!
jorsch 07.11.2015 - 20:37
Dee scharfkantege Fiels mat de roude Flechten riets mécht den Ënnerscheed zu enger Postkaart. Gefält mir ganz gutt an .. ech géif se direkt auswiele fir ze verschécken! smile
marker 09.11.2015 - 10:10
..et war och meng Absicht de Fiels relativ dominant an d'Bild mat anzebezéihen, vu dat seng gesamt Struktur mir esou gutt gefall huet. Merci jorsch fir deng Appreciatioun..!!
icylady 07.11.2015 - 21:26
déi "Postkart" gefällt mir awer richteg gudd, déi géing ech gleich e puer mol kaafen fir de Frënn se ze schecken smile
ech fannen do hues de een ganz schénen Ausschnëtt gewielt smile
marker 09.11.2015 - 10:13
..ech mengen ech machen e klenge Kiosk op, just mat dësem Bild an der Offer closed_eye
Merci Dir fir dee léiwe Kommentar..!!
BigVood 07.11.2015 - 23:16
Déi ass richteg flott gelongen: ass vill am Bild ze entdecken. Besonnesch gefale mir d'Wolleken, déi maachen d'Bild réischt komplett.
marker 09.11.2015 - 10:22
..ech war ze spéit un, d'Sonn voll eraus an dowéinst d'Liicht net méi optimal, an dofir war ech wirkeleg frou iwwer déi puer Wolleken fir awer e Bild kënnen eenergermoossen ze gestalten. Ouni d'Wolleken hätt ech hei kee Bild gemach, mol net fir an den Album..! Och Dir Merci gesot BigVood.
gtaddei1 08.11.2015 - 11:12
fantastesch verschfft
marker 09.11.2015 - 10:15
Merci beaucoup gtaddei1, ...leider ze spéit op der Plaatz, 1 Stonn éischter, an d'Lucht ass vill besser.
MsJarryman 08.11.2015 - 11:22
Eng super Schäerft, déi rout a brong Faarwenvun de Steng, de bloen Himmel mat deenen déiwen Wolleken, machen dat ganzt perfekt.
marker 09.11.2015 - 10:32
..ech wolt eng Spigelung vum Matterhorn, awer ze vill Wand, de See onroueg an dofir dës Gestaltung mat dominantem Fiels an Laanzäitbeliichtung wéinst dem Waasser. Merci MsJarryman..!!
Jeanny 08.11.2015 - 16:07
sou eng Kaart giff ech mir och kaafen, herrlech schein.
marker 09.11.2015 - 10:39
Mech freet et Jeanny, dofir villmols Merci gesot.
d'Geschicht mam Kiosk gëtt ëmmer méi konkret.. closed_eye
Jacques 09.11.2015 - 08:54
Op Postkaart oder net, déi gefällt!
marker 09.11.2015 - 10:36
..d'Bild ass stark desaturéiert, soss wir ët awer eng gellech Postkaart, mech freet ët dat d'Bild dir trotzdem gefällt. Merci Jacques..!!
gemu 10.11.2015 - 07:44
Excellent Marc di doten. Den Hierscht an de Bierger, di schéinste Saison fir do Fotoen ze machen mat speziellen Faarwtéinungen, an eng super kloer Atmosphère, esou wéi op denger Foto mat interessanten Wolleken. Du haas navel eng gudd Löftgen gesin ech um Waasser op der ongeschützter Säit vum Steen closed_eye. Leider muss ech waarden bis d'Pensioun bis ech emol am Oktober kann dohinner esou flott Biller machen goen, mee op ech dann nach rüsteg genug sin fir iwert an tëschent deem groussen Steen erem ze klooteren wou's du stungs fir d'Foto ze machen, wëll ech stark bezweifelen, hun elo schon déck Problemer op däer Plaaz.
marker 12.11.2015 - 22:01
Ech hu schon eng gewësse Virléift fir de spéiden Hierscht, effektiv, zemools an de Bierger,
..all Joreszäit huet awer säi Reiz, an den éischte Schrëtt fir eng gutt Opnahm ass scho gemach wann d'Liicht stëmmt, ..a fir dech gutt Liicht bei denger nächster Visite um Stelliséi closed_eye
..e grousse Merci fir däi Kommentar zu dësem Bild Georges, an et freet mech dat d'Bild dech usprecht..!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 415 Gäscht online