Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Plaine Morte

 
Plaine Morte
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.10.2014
  • Gekuckt:
    35506
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/640
  • Blend:
    f8
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    Manual
  • Gréisst:
    1196x400
  • Späicherplaz:
    317 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2010
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80948]
Kommentar vum Fotograf:
..am spéide Nometteg a mat liichte Schleierwolleken. Link
Metalbambi 29.10.2014 - 11:40
Coolen SW!
Ass schued dats de se sou kompriméiert hues, wann nach méi Detailer dran wieren géif se definitiv besser wierken, mee 317 kb ass net ganz vill vir 1200 x 400 px.
marker 30.10.2014 - 18:42
317 KB ass ''happech'', dat stëmmt. Et ass ee Kompromëss, am Himmel hat ech vill Rauschen wat no der SW-Emwandlung net ganz gutt ausgesinn huet, an am Reduzéieren am Luminanzkanal sin leider och nach weider Détailer verluer gangen.
Jiddefals Merci fir deng Appreciatioun.
Jean-Jos 29.10.2014 - 13:55
Ganz flotte sw mat och guddem Kontrast! D'Panorama-Format ass super hei
De Plaine Morte-Gletscher ass ganz speziell, ech hun e virun 3 Joer vun uewe gesin a sin och do geland.
!Dës Foto ass net méi am System!
marker 30.10.2014 - 19:17
Dat d'Bild dir gefällt an dech usprecht mecht mir grouss Freed.

Däi Bild ass exzellent, och zemols mat dem laange Schiet um Gletscher, an ech ka mir gutt virstellen wéi ee Gefill dat daat muss sinn fir an engem Waarmloftballon iwwer d'Alpen ze fléien.
Jeanny 29.10.2014 - 17:24
kennt ganz gutt am SW Marc
drop klicken e muss
marker 30.10.2014 - 19:20
Dat freet mech, an dofir Merci gesot Jeanny.
theom 29.10.2014 - 20:04
De Fotograph beherscht d'Zonensystem ouni Zweifel !
Top SW Mark
marker 30.10.2014 - 19:31
Ech hu se natierlech e bessen verschafft, digital awer keng grouss Konscht méi, vu dat's de d'Resutat direkt visuell virun Aen hues.
Fir den ''TOP'' e grousse Merci Rob.

Maimonides 29.10.2014 - 20:09
" Plaine Morte ", tu penses, marker.
" Glace norvégienne ", je vois, moi.
Quel beau dessert
de 2010.

closed_eye
marker 30.10.2014 - 19:27
Chacun sa vue, Maimonides, an dat ass gutt esou.
A fir de ''beau dessert'' e grousse Merci.
Miau 30.10.2014 - 21:07
gefällt mir gud Marc
marker 01.11.2014 - 10:28
Mech freet dat Willy. Merci.
jorsch 31.10.2014 - 09:24
Schnéi an Äis wat sech wéi d'Wellen um Mier beweegt.
Ganz schéi Foto!
marker 01.11.2014 - 10:31
..genau esou jorsch, de Maimonides huet eng glace norvégienne am Bild gesinn. Freet mech wa se gefällt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 362 Gäscht online