Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Een photogenen Sperber

 
All Fotoen an dëser Serie:
41759 Thumbnail
41760 Thumbnail
41761 Thumbnail
41762 Thumbnail
Een photogenen Sperber
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.09.2014
  • Gekuckt:
    26729
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
    31-8-2014
  • Fotoapparat:
    Canon
  • Objektiv:
    Tamron SP 150-600mm
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80213]
Kommentar vum Fotograf:
Des Serie hunn ech den Sonden just virum groussen Reen gemeet.
Wat leider net ob d'Biller ze kréien war , sinn déi zirka 20 Meisen déi den Sperber mat Oflenkungs Manöveren vun hiren Näschter fort lackeren wollten. Ech weisen hei 4 verschidden Posen déi méin absolut coolen Model mir presentéiert huet. Mir gefëllt déi 1scht Foto am beschten well do seng Broschtplommen richteg schein am Wand gin.
ornitho 03.09.2014 - 09:33
Eng Ganz gud Serie ! Just pass bei dengem Weissofgleich mei op, well hei domineiert de Mangenta Farw an dengen Biller...en Detail just..
Gefällt ma !
Jean-Marie 03.09.2014 - 18:31
Merci fir den Tip Gianni. Ech hun dat elo mol ob dei Schnelle probeiert. Allzevill ass do awer net meiglech well dann gin d'Farwen vum Vull onnatierlech oder häss du do mat der Color Balance gespillt ?
ornitho 03.09.2014 - 18:58
bei da Raw Entwecklung, am Weisofgleich, heuste 2 Schieber, 1ten vun Giel ob Blo an den zweeten Grëng op Mangenta, an haten do just e bessen mei an Grengt gezun.. mee ass eng Affaire de Gout smile
BigVood 03.09.2014 - 09:56
Super Biller.
Dat natierlecht Ëmfeld am Hannergrond gefält mir besonnesch gutt.
Villäicht nach e Wuert, wéi sech entstan sinn: Tarnzelt oder zoufälleg begéint, oder ....?
Jean-Marie 03.09.2014 - 18:15
Merci Laurent, et war Deels Zoufall deels Gedold an Chance. Ech hat en ob iwer 50m an den Beem gesin, mee do war en sou verstoppt dass emmer een Ascht virdrun war. No enger Weil huet hien sech an Gestrepps gestierzt wou seng Attack awer keen Ervolleg hat. Du geseis ob der 1schter Foto nach den Bulli un sengen Krallen. Dono huet en dunn 2 mol d'Positioun gewiesselt fir een 2ten Versuch ze starten. An dei 2t Positioun do souchs en dun ob manner wei 10m . Leider huet en sech awer herno einfach duerch Bascht gemeet ouni nach emol ze probeiren.
ornitho 03.09.2014 - 18:55
Gesin Wasser hanendrun, deen haste an da Aisvullenbud kritt, well hun gleich Biller mat dem Baam just wou Zwergdommel drop setzt bigsmile Mee hun den nach nie do gesin, dann haste awa deck Chance dassen sech sou no setzten koum smile
Jean-Marie 04.09.2014 - 18:34
Chapeau, Gianni du hues een gut Aaa, an ech hat effektiv vill Chance smile
ornitho 04.09.2014 - 23:51
closed_eye Glëck, Chance, et ass halt ewei bei allem smile
BigVood 03.09.2014 - 21:50
.
BigVood 03.09.2014 - 21:51
Grousse Merci Jean-Marie!
Fannen dat ëmmer interessant gewuer ze ginn, wéi e Bild entstan ass: geplangten Iddi, Zoufall oder wéi och ëmmer.
Nëmme sou kann een aneren eppes bäiléieren oder och op eng Iddi bruecht ginn (sou ass et mol bei mir).
Villes wat ech wees fir virzegoen, verdanken ech Leit, déi hier Biller kommentéiert hunn oder och mol e 'Making of' dobei publizéiert hunn. Déi Leit sinn (awer leider) gaaanz rar.
Jean-Marie 04.09.2014 - 18:38
bei mir konns de lo awer net esou vill beileiren well et war wirklech Chance dass hien sech sou no bei der Hütt nidergeloss huet. Eng Chance war et och dass ech alleng do war an dass meng 6D een Silent Mode huet deen wierklech den Glanz ass par Rapport zu dem Gereichspegel vun sou munch aner Camera. Ech knippsen quasi just nach am Silent Mode.
BigVood 05.09.2014 - 08:52
smile

Ech kennen do een, de war schonns kuerz virdrun, fir seng 1Dx an d'Poubelle ze geheien, well déi sou vill Kaméidi mëscht. Dee léint sech zimlech
oft a leschter Zäit eng 6D aus smile
Fir Déieren ze fotograféieren fannen ech se total ongeeegent: wat notzen engem 14 Biller pro Sekonn, wann een op deenen 14 genau dat selwecht drop ass, an duerno ass am Emkrees vun 1,5 km all Déier a säi Bau geflücht!

1Dx = Wildlife-Kamera -> FAIL! smile
Jean-Marie 05.09.2014 - 09:09
smile
gemu 03.09.2014 - 09:57
Wonnerbar Série, besonnesch gut gefällt mir wéis du den Sperber virun engem schéinen doucen Hannergrond fréigestalt hues. Si sin all flott, di 1. (Titelbild) fannen ech och am beschten
Jean-Marie 03.09.2014 - 18:06
Merci Georges, dat mam Hannergrond ass oft eng Chancen Sach. Et hängt vill dovun oof wou den Vull sech grad hinsetzt. Hun schon eng Retsch interessant Fotoen gemach wou den Hannergrond alles verschass huet , sou dass een se guer net kann weisen. Hei war et och schons e bessi krittesch. Et war just virun 12:00 an d'Sonn stung nach just am gudden Wenkel.
sheandhercamera 03.09.2014 - 10:12
Eng wonnerschéin Serie! D'Faarwen an den Hannergrond gefaalen mer hei besonneg gudd.
Die éischt gefällt och mier am beschten.
Jean-Marie 03.09.2014 - 17:57
Merci Monique, et freet mech wann se dir gefalen smile
icylady 03.09.2014 - 10:47
eng ganz flott Serie Jean-Marie smile
déi harmonesch Farwtéin gefaalen mir och immens gudd,
awer den Sperber op der 1. an der op der 3. fannen ech richteg cool
Jean-Marie 03.09.2014 - 17:56
Merci Romy, beim 3 sin et d'Aaen dei besser wierken an beim 1 ass et seng Broschfiederung. Ech hat mech elo fir 1 entscheed well dei fuseleg Brocht fir mech ganz gut zum Hannergrond passt.
GONNER 03.09.2014 - 11:33
Flott Serie
Jean-Marie 03.09.2014 - 17:51
Merci André
Charly_Ente 03.09.2014 - 13:25
Deen kritt een net oft sou ze gesin... flott Fotoen!! closed_eye
Dei éicht fannen ech am beschten!
Jean-Marie 03.09.2014 - 17:51
Merci Charly, mir gefàllt dei 1scht och am beschten
rosch2014 04.09.2014 - 08:27
Eng super Serie.Mat der 1. hues de Recht mee di 3. sprecht mech och weinst deem Ausdrock an sengen Aen stark un.
Jean-Marie 04.09.2014 - 18:32
Merci Rosch, ech hun d'Serie nach ob engem Aneren Site an do huet Nr 3 effektiv och mei Stemmen kritt smile
MR 04.09.2014 - 08:38
Déi Serie gefällt mir ganz gutt Jean -Marie!
Den Sperber schéin presentéiert an sengem
natierlechen Ëmfeld.
Jean-Marie 04.09.2014 - 18:29
Merci Martine
theom 04.09.2014 - 11:24
Eng stark Serie
Jean-Marie 04.09.2014 - 18:28
Merci Theo

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 314 Gäscht online