Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tropfen

 
Tropfen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.12.2013
  • Gekuckt:
    31375
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/80
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    955x1258
  • Späicherplaz:
    268 KB
  • Originaldatum:
    15:12:2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8L Macro IS USM
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76135]
Kommentar vum Fotograf:
Moos-Tropfen
gemu 19.12.2013 - 09:34
Excellent, di heiten stécht eraus duerch daat douce Ëmfeld an Faarwen, gefällt mir immens gud Martine
MR 20.12.2013 - 19:00
Merci Georgessmile
freet mech wann se dir gefält
Jacques 19.12.2013 - 09:39
Wonnerbar emgesaat!
Schéin douce Farwen, eng optimal Schärft op den Drëtonguepsen an gudd kadréiert.
En Makro deen mer ganz gudd gefällt!
MR 20.12.2013 - 19:04
Villmols merci Jacquessmile
GiPPic 19.12.2013 - 15:27
Gelongent Spill mat der Schärft, perfekt
MR 20.12.2013 - 19:05
Merci GiPPicsmile
Jeanny 19.12.2013 - 15:50
ganz schein Faarwen a Foto Martine
MR 20.12.2013 - 19:10
an dofir merci gesot Jeannysmile
icylady 19.12.2013 - 17:32
immens schéin Liicht, farwlech harmonesch, gefällt mir gudd Martine
MR 20.12.2013 - 19:10
Décken merci Romysmile
dat freet mech ze liesen
gtaddei1 20.12.2013 - 15:18
Et wier perfekt gewiecht wann dei eischt drëtongueps och scharf gewiecht wier
MR 20.12.2013 - 19:20
Merci gtaddeismile
Dat war hei esou gewollt
d'Schäerft nëmmen op enger Drëtongues ze hun.
Fir bei dëser Foto zwou schaarf Drëtonguesen ze kréien
hätt ech missen eng ganz zouen Blend wielen,
doduerch wier awer den Hannergrond ganz onroueg gin an Resultat wier
alles anescht wéi perfekt gewierscht.
Conley 22.12.2013 - 01:19
De Stär op der Mooss Sporenkapsel ass de Glanz op der eichter Drëtongues an och schaarf. An Foto ass ganz gutt Beliicht. An och schéin fräigestallt. Op der zweeter Drëtongues ass dann awer Spigelung méi Schaarf an do gesäit een de Schäerfenverlaf no ënnen op zwou Platzen. Verstinn ech lo net? Ass de Stär réel oder net? Well Lamellen vun der Blend eigentlech méi Stralen missten hunn wéi just véier. Matt der Schäerft ass et Super schwéier! Du lees Kamera jo op, (soen mol um Bounen Säckelchen) dat ass jo selwecht wéi wann's de een Stativ géing's benotzen. D'Schäerft Manuell astellen wann Bedingung et zou loossen maachen ech oft iwwert de Live-View an der Vergréisserung.
L.G Roger
MR 22.12.2013 - 11:10
Roger,
et freet mech wann d'Foto dir gefält an
soen dir merci fir d'Zäit déi's du dir geholl hues
fir se esou genee ënnert Lupp ze huelen an am Detail ze
kommentéieren!smile
Mat Bounensäckelchen an Live-View hun ech bis elo nach net geschafft .
Bei dësen Moosdrëtonguesenbiller hat ech einfach den Fotoapparat op den Moos opgeluecht an dat war schon stabil genuch.Fir déi richteg Blend ze wielen as fir mech ëmmer ganz schwiereg!
Dofir fänken ech ëmmer mol mat engem mëttleren Blendenwärt un, an schaffen mech dann erof an erop mat der Blend an doheem um Schierm sichen ech mir dann déi Foto eraus déi fir mech am optimalsten gin as .
Jo,de Stär as reell!
Wat mir awer opgefall as,just bei dëser Blend vun 5.6 gesäit een véier Strahlen,
déi selwecht Foto mat méi zouener Blend do sin vill méi Strahlen ze gesin,
hun awer elo och keng Erklärung dofir.
LG Martine

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 461 Gäscht online