Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Op den zweeten Bléck

 
Op den zweeten Bléck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.05.2013
  • Gekuckt:
    27432
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    624x999
  • Späicherplaz:
    368 KB
  • Originaldatum:
    2013:05:08
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikon 24-70mm 2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72460]
Kommentar vum Fotograf:
De Gedanken war hei Suggestioun an Dekadenz vun der Werbung een bëssen ze Spigelen mam normalen Liewen.
Drop klicken w.e.g.
gtaddei1 16.05.2013 - 01:11
Ech haat dein Komment net gelies ... mé genau daat haat ech am Kapp ... An desem Duerchernén erkennen mir awer eng Ordnung... den Drang zum Konsum an doduercher e Steck vum Individualismus ze errengeren. Mamm Individualismus well ech net Egoismus soen... mé just nemmen daat Selbstbild an deser ausgebranntener Sozieteit erem ze fannen... Mé weifill ass dei Konditionneiert ... Herrlecht Argument daat vum der Marktpsychologie! dei voll vum Konsumkapitalismus profiteiert! Ass elo gudd oder schlecht? Am fong hun mir et gudd!
Conley 16.05.2013 - 18:54
Duercherneen hues de gutt gesot an d'Uerdnung erkennt een just wann een sech domadder auserneen setzt. Dem gro vun de Leit geet et jo och gutt an eiser Gesellschaft, an schleisen mech do bestëmmt net aus. Ech wollt hei och näischt un den Pranger stellen. De Kapitalismus...huet mol een gesot... huet net Iwwerlieft well Enn besser ass....mee Enn ass just iwwereg bliwwen. Merci fir de Komentar.
gtaddei1 17.05.2013 - 00:21
Uh là den Ted ass Lapidaire... Komesch dass Leit do sin ewei den Camus, Moravia, Lorenz asw asw dei iwert Photo"koscht" schreiwen ... an do ... verfehlt den Lapidairen Lapidus sein Komment
Conley 17.05.2013 - 19:17
Hien huet eben dat geschriwwen wat een denk, an do hunn ech elo keen Problem domadder.
gtaddei1 18.05.2013 - 17:26
Ech och net!
Jeanny 16.05.2013 - 06:35
do gëtt et vill ze kucken, Idee an Foto gefale mir ganz gutt.
Conley 16.05.2013 - 19:21
Merci Jeanny...jo do muss een sech e bëssen Zäit huelen. smile
Jacques 16.05.2013 - 11:15
Gudd gewisen Conley, gefällt mer.
Conley 16.05.2013 - 19:25
Villmools Merci Jacques smile smile
micky-maus 16.05.2013 - 11:16
Daat dooten, Conley, fällt engem schonn op deen 1.Bleck op wann een esou duerch Fussgängerz. treppelt ann der Staad....
Deng Idee flott emgesaat. smile
Conley 16.05.2013 - 19:41
Merci gesot micky-maus smile
Gaga 16.05.2013 - 17:56
to be or not to be ... be, just be ... Calvin Klein hehe


get rich or die tryin' ...

E G O I S T E !

ah zut, haat ech baal vergiess :
super Street...
Conley 16.05.2013 - 20:02
Een Symphonieorchester sceptical huet mir awer no 5 Minuten an 16 Sekonnen gutt gefall bigsmile
Villmools Merci Gaga smile
Gaga 16.05.2013 - 20:58
Daat wor t Musik vun der Parfumreklam Egoiste Channel aus den 90er....
Montagues & Capulets vum Romeo a Julia...
Conley 16.05.2013 - 21:07
Un de Parfum vun Channel hun ech och geduecht wüst awer net dass dat Musik vun der Reklamm wier. unhappy
Gaga 16.05.2013 - 22:18
Waat, dee klassiker an du erennerts dech net?
http://youtu.be/1WXeJkQ8cbE
Conley 16.05.2013 - 23:07
Merci Gaga elo hues de deen richtegen Knätonguepchen bei mir gedreet. Di Reklamm hunn ech schonn deemools Genial fonnt. Dat Gebai di Klapplueden mat deen Modelen an di Inzenéierung war Fantastesch!!
Gaga 16.05.2013 - 23:31
ech fannen t'Musek genial, e super Stéck vum Prokovief
Ted_Lapidus 16.05.2013 - 22:03
d'iddi ass secher gudd, mee ech fannen awer dass een daat guer net esou gudd erkennt! ett ass vil duercherneen drop... an och dain suggéreiert zesummespill vun Werbung an normalem liewen gesait een dach guer net esou gudd...
ech perseinlech wees guer net wou ech vir d'eischt soll kucken an wann ech dain text net gelies hätt, dann hätt ech mech dach stark gefroot waat daat soll, oder waats de eis wells soen...
leider fannen ech, wann een seng foto muss erklären, dass een dann d'thema verfehlt huet...
ech sin och vlait zeblöd vir daat alles zegesin, vilaicht verstin dei aaner allen guerten mei dovunner...
gtaddei1 17.05.2013 - 00:24
Mmmhhh , erlaab mir do eppes ze soen... technesch net perfekt... e Wirwar vun Saachen... mé hai an do ass den Sënn net emmer direkt. Photojournalismus dreckt hai an do é Konzept aus (World Press zB) , den Conley och ouni elo grouss prétentiounen ze hun... Ech haat de Sënn direkt eraus.
Awer Teschnesch hueste recht ,,, deng Konklusioun ass ze haart
Ted_Lapidus 17.05.2013 - 09:50
Ett kann sin... Ech ging mer vlait just wenschen dass den Här deen gespiggelt ass an duerch d'bild treppelt, vlait mei ze erkennen ass! Mee daat ass technech net einfach...
Conley 17.05.2013 - 19:21
Foto heescht jo Op den zweeten Bléck. Wann ech an eng Fënster kucken well ech jo eigentlech gesinn wat dohannert ass , an Spigelungen net erwënscht sinn. Ech hunn dofir probéiert se och esou ze verschaffen. Betounung loung no bannen, an just een bëssen Spigelung no baussen. Ech fänken hei eigentlech um schärfsten Punkt un mat kucken an deen ass fir mech net se iwwersinn.
Op allefall et huet mech gefreet däin Komentar ze liesen. Merci gesot Ted_Lapidus.
Ted_Lapidus 18.05.2013 - 00:07
Daat freet mech dass ett dech freet...
Conley 18.05.2013 - 00:25
Ech hunn gären Kritiken soss kann een jo näischt léieren. An hunn och schonn un enger geschafft di der virléich besser gefält. An wier och do frou iwwert eng Éierlech Meenung!!
Op den zweeten Bléck

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 383 Gäscht online