Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Et zitt mech erof ...

 
Et zitt mech erof ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (03.03.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.03.2013
  • Gekuckt:
    21736
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/30 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    4.8 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    514 KB
  • Originaldatum:
    2013:03:02 22:26:40
  • Fotoapparat:
    DMC-FZ38
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70935]
Kommentar vum Fotograf:
nach eng aner Vue vun der Trap
Zora 02.03.2013 - 22:39
Yes dei ass top, flott Perspektiv!!
luxiline 02.03.2013 - 22:44
merci fir dat Kompliment, mécht Freed!
micky-maus 02.03.2013 - 22:40
Ann waat vireng Vue: BOOAAH surprised
Super ann Scene gesaat, ann dei Persoun ann der Traap ass genial,cool Fier mech eng vunn Dengen Beschte Biller deis Du eis biselo gewissen hues. TIPTOP
luxiline 02.03.2013 - 22:43
dat freet mech awer elo! ... ech hat e bëssen Angscht déi ze weisen, well se mir gutt gefällt closed_eye
micky-maus 02.03.2013 - 22:52
bessi Angscht ??? surprised
op gewollt oder net, ass egal daat dooten ass eng Top Foto.

Ann besonnech wann se dem Fotograf gudd gefällt, muss Du se weisen, eng dei Dier net esou richteg gefällt, haal se einfach am Tirrang closed_eye
luxiline 02.03.2013 - 23:01
du hues jo Recht, mee wann déi lo hei erofgemaach gi wier .... unhappy
OK, lo trauen ech mech, nach e puer vu ménge "Beschten" ze weisen bigsmile
mischii 02.03.2013 - 23:22
gefällt mer als Trapefan ganz gudd,
stempel vläicht nach de Flekk rechts an der Mëtt op der Traap ewech
luxiline 02.03.2013 - 23:28
merci - Ah neen, dee Fleck ass bewosst do als Konschtwierk! Dat ass e Künstlerhaus an déi hunn do gesabbelt wéi se d'Gelänner bemolt hunn - mä, dat kann e jo net richteg gesinn op menger Foto ... ganz ënnen ass op d'Trap gemolt a geschriwwen ...
mischii 03.03.2013 - 00:03
Déi Detailer wees Du ganz eleng,
fir de Betruechter vum Bild ass et awer kee Konschtwierk, mee e Flekk dee stéiert,
et huet een d'Impressioun, bei der Veraarbechtung vum Bild wär eng schief gelaaf
sorry
luxiline 03.03.2013 - 00:21
gutt, du hues mech iwwerzeegt! - ass jo net schwéier ewechzemaachen - click refresh!
jorsch 03.03.2013 - 09:17
Flott Trap. Deen hellen Holztoun kontrastéiert schéin mat dem Gelänner.
Hu mer d'Fro gestallt, op de Mann an der Trap stéiert oder net.
micky-maus 03.03.2013 - 09:37
Ech fannen, Jorsch, deen Mann ass Kiischt um Kuch. Passt!!!!
luxiline 04.03.2013 - 21:02
Ech war och fir t'éischt net frou dass do just e kommass, hannen no fannen ech et awer gutt, ech hunn e missen méi hell maachen, soss war et just en donkle Fleck!
merci fir dâi feedback!
Richie 03.03.2013 - 09:47
Mech och !
Dat ass eng immens flott Trap déi's de ganz gutt presentéiert hues
luxiline 04.03.2013 - 21:19
merci fir däin Interessi! Da lies wat ech dem msJarryman geäntwert hunn closed_eye
MsJarryman 03.03.2013 - 11:09
Deng Traap huëss de super festgehaalen. Ech hu mech just gefroot, wéis Du Schärft vun uewen bis ënnen dra kruss mat enger 2,8 Blend. Ech sin da nach virwëtzeg, wat ass eng 4,8mm Brennwäit, dat seet mir elo direkt näischt, mee ech si frou, fir alles war ech hei bäiléieren closed_eye
luxiline 04.03.2013 - 21:10
ech weess net ob ech mech lo muss dofir schummen bigsmile, mä dës Foto gouf mat enger Lumix FZ38 mam Automatic Programm gemaach!
An durno hunn ech e puer Layers gemaach am PS, déi iewescht Trapen waren z.B. ze hell, de Mënsch ze däischter ...
ech muss selwer nach vill léieren, sinn awer immens frou dass déi Foto hei sou gutt ukënnt, da schéngen ech wéinstens de Bléck fir eng interessant Kompositioun ze hunn. Wat Technik ubelaangt, sinn ech mir bewosst, dass ech eppes nozehuelen hunn closed_eye
MsJarryman 05.03.2013 - 14:21
Et ass net d'Kamera déi d'Foto mecht, me de Fotograph, an Deng Biller gefaale jo, dat ass wichteg.
luxiline 05.03.2013 - 17:02
merci merci!
gemu 03.03.2013 - 11:16
Super hinkritt, an der Traap léisst et sech aushalen. Top
luxiline 04.03.2013 - 21:11
Merci och dir! Dat ganzt Haus ass interessant, ech muss mol nach eng Kéier dohinn ...
Jeanny 04.03.2013 - 07:35
wat fir eng schéin Trap, wonnerbar festgehalen
luxiline 04.03.2013 - 21:13
merci, merci!
Jacques 04.03.2013 - 09:18
Wonnerbar luxiline!
luxiline 04.03.2013 - 21:12
Villmols merci, sou e Luew, an souguer e favorit, mecht Courage!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 276 Gäscht online