Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Suricata suricatta II

 
Suricata suricatta II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.09.2012
  • Gekuckt:
    25606
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    721x1200
  • Späicherplaz:
    674 KB
  • Originaldatum:
    24.09.2012
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    50 mm f/1.8
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66983]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto vunn engem Erdmännchen vunn Beetebuerg.

Ech wees net waat ett ass, mee irgendeppes steiert mech hei op der Foto, wees net op Cadrage, Bea oder soss eppes. Villaicht ass ett och deen trauregen Bleck vunn deem Deier deen mech bereiert....?
Waat haalt Dier dovun?

All Kritiken oder Hellef sinn emmer welkomm....
Jeanny 27.09.2012 - 05:43
ass ganz flott ginn, schéin Schäerft,
wat mech e bëssche steiert ass iwwer dem Kapp déi brong Faarfsmile
micky-maus 27.09.2012 - 12:41
merci gesoot Jeanny... closed_eye Joo muss besser beim fotografeieren oppassen, hunn daat schon bei mengem Wollef gemierkt. confused
bigmama19420205 27.09.2012 - 07:19
ganz flott , mech stëiert neischt smile
micky-maus 27.09.2012 - 12:41
Ma merci mama... closed_eye
Fennec 27.09.2012 - 08:29
Deen Aarmen, deen emerdeiert sech zu frecks do, oder en as krank, kee Glanz an den Aen an eng drechen Nues, vun Kierperpfleg huet en och nach neicht matkrit, e keint mol an Manikür goen an d'Neel schneiden loossen closed_eye
Ech gin dir rescht, irgendwei fehlt eppes, oder as et dei Onschärft hannendrun dei em 2 Haaren verpasst?
micky-maus 27.09.2012 - 12:47
Ech mengen ett ass beides, bei der Onschäerft kann ech dei nächsten Keier aanescht maachen, bei der aanerer Saach....

Mengen net daat ech nachenkeier ann een Zoo ginn. Leid dei doo schaffen sinn zwar bemeit fier daat bescht ze maachen, awer wann ech esou deprimeiert an traureg Deier gesinn, ginn ech net zefridden mee eischter mat gemeschten Gefiller erem Heem. Fier mech eischter kontaproduktiv. unhappy

Ech mengen ett ass och daat, virwaat ech unn deser Foto keen Spaass hunn, leider !!!
JohnJ 27.09.2012 - 08:58
Fir mech ass et kloer dass deen sech do net wuehl villt

hei dann ewei sie sollen liewen
!Dës Foto ass net méi am System!
micky-maus 27.09.2012 - 12:51
Genau daat ass ett John.
Deng Männercher doo hunn eng ganz aaner Kierperhaltung ann Bleck wei deen vunn Betebuerg.
Hunn elo och meng Astellung zu der Zoohaltung komlett geännert!
Schluck 27.09.2012 - 10:17
Den John huet recht, den kuckt einfach ze traureg dran ... do ass keen Glanz an den Aen wéi sou oft bei sou Déieren am Zoo
micky-maus 27.09.2012 - 12:58
Joo Schluck, wann ech Deierefotoen, ann wann ett nemmen Keih sinn, kucken, dei ann der Natur sinn, ass doo eppes aanscht drann wei bei esou enger.

Ech wäert elo nach just ann der Natur oder beim Bauer knipsen. Ass zwar eng Ploerei, awer esou eng Foto vunn engem Deier waat sech frai entweckelt huet ass 100x mei waertvoll.

Schluck 27.09.2012 - 13:12
Genau dat ass den Grond firwaat ech am Fong nach nie am Bettebuerger Park oder am Zoo zu Amnéville woar. Déi eenzeg Ausnahm wou ech alt mol ginn ass am Fong den Wollefspark zu Merzeg. Bei denen Déieren gesäis de dass se mat Léift gehaalen ginn wëll ech woar do och schon an anneren Parkën an déi hunn nët sou gudd ausgesinn
micky-maus 27.09.2012 - 13:15
Merci fier deen tipp doo, daat steht elo am Hirscht bei mier um Programm, matt mengen zwee TEENIEN an mat NIKON op Merzig... tongue
Schluck 27.09.2012 - 13:42
Wann's de gees, sou spéit ewei meiglech goen, sou kuert virun 17:00 soss leien d'Wëllef irgendwou am Eck ze pennen .. ëm déi Zäit ginn se och gefiddert dofir sinn se dann och mechtens zimmlech wakreg an aktiv
micky-maus 27.09.2012 - 13:52
http://www.wolfspark-wernerfreund.de/

hmm, dann muss ech awer elo geschwenn dohinn, gett emmer mei frei daischter, grommelgrommel
Schluck 27.09.2012 - 13:57
Dat wolt ech der domadden soen ... closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 575 Gäscht online